Carinaniwwel

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) NGC 3372)
Carinaniwwel NGC 3372
center
Stärebild Carina (Car)
Positioun fir d'Equinoxe J2000.0
Rektaszensioun 10h 43.8m
Deklinatioun - 59° 52'
Ausgesinn
Visuell Magnitude 3,0 mag mag
Wénkelduerchmiesser 120 × 120 Bouminutten
Physikalesch Donnéeën
Distanz (Lj) 6.500-10.000
Geschicht
Entdecker Nicolas-Louis de Lacaille
Entdeckungsdatum 1751
Katalog- an Entdeckerbezeechnungen
NGC 3372
Dun 309

De Carinaniwwel (NGC 3372), och Eta-Carinae-Niwwel, ass en Emissiounsniwwel am Stärebild Carina. Hien huet eng visuell Magnitude vu +3,00 mag an en Duerchmiesser vun 120 Bouminutten. Den Niwwel ass eng vun de gréissten HII-Regiounen vun eiser Galaxis a läit op enger Distanz vu ronn 6.500 bis 10.000 Liichtjoer vun eiser Äerd ewech. Hien ass iwwer 200-300 Liichtjoer grouss.

De bekanntsten Eenzelobjet am Carina-Niwwel ass de verännerleche Stär η Carinae, deen zum oppene Koup Trumpler 16 gehéiert.

Entdeckung[änneren | Quelltext änneren]

Stellar Noperschaft: Eta Carinae-Niwwel (riets), Kräiz vum Süden (Mëtt), α-Centauri (lénks)

Obschonn den Niwwel en hellen Objet um Nuetshimmel ass – en ass däitlech méi grouss an och méi hell wéi den Orionniwwel – gouf e wéinst senger extreem südlecher Lag relativ spéit dokumentéiert. Eréischt an de Jore 1751-52 huet den Nicolas-Louis de Lacaille en op enger Rees op de Kap vun der Gudder Hoffnung beschriwwen. Hien notéiert den Niwwel als Lacaille III.6.

Astronomesch Bedeitung[änneren | Quelltext änneren]

Den Niwwelkomplex läit am Sagittarius-Aarm vun der Mëllechstrooss. Als eng vun de gréissten HII-Regiounen vun der Galaxis stellt de Carina-Niwwel e risegt Stärgenesisgebitt duer, änlech dem Orionniwwel. Dofir huet hien divers opee Stärekéip. Dorënner de Koup Collinder 228, 232 an 234, Trumpler 14 bis 16 souwéi Bochum 10 an 11.

Déi meescht Stären am Niwwel gehéieren zu der Spektralklass O, dorënner déi éischt entdeckte Stäre vum Typ O3. Ausserdeem huet den Niwwel dräi Wolf-Rayet-Stäre vun der Klass WN.

Objeten am Carinaniwwel[änneren | Quelltext änneren]

De Schlëssellachniwwel an der Géigend vun η Carinae
  • Trumpler 16: en oppene Stärekoup, mat dem prominente Member η-Carinae
  • Schlëssellachniwwel: en donkelt Fragment vum Carina-Niwwel, dat sech am Zentrum géint hell Regiounen am Hannergrond a Form vun engem Schlëssellach ofzeechent
  • Homunkulusniwwel: e bipolare Matièreausworf vun η-Carinae a Form vun zwou géigeniwwerleiende Sphären, déi de Stär ëmginn. Den Homunkulusniwwel ass den Iwwerrescht vun engem stellaren Ausbroch, deen de Stär an de 40er Jore vum 19. Joerhonnert zum zweethellste Stär gemaach hat
  • "Horse-Shoe"-Niwwel (net ze verwiessele mat dem änlech bezeechenten Omeganiwwel): En houfeisefërmege Rank aus Material, dat vun engem eelere Matièresausworf vum Eta Carinas staamt. Den Niwwel huet eng Ausdeenung vu ronn 2 Liichtjoer.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Eta Carinae Nebula – Biller, Videoen oder Audiodateien