NGC 3603
| Date vum NGC 3603 | |
|---|---|
|
Emissiounsniwwel NGC 3603, Foto vum Hubble Space Telescope
|
|
| Stärebild | Puppis |
| Positioun (Equinoxe: J2000.0) | |
| Rektaszensioun | 11h 15m 6,6s |
| Deklinatioun | -61° 15' 40" |
| Niwweltyp | Emissiounsniwwel |
| Visuell Magnitude | +9,1 m |
| Schäinbaren Duerchmiesser | 4' × 4' |
| Physikalesch Daten | |
| Gehéiert zur | Mëllechstrooss |
| Distanz | 20000 Liichtjoer |
| Absoluten Duerchmiesser | 20 Liichtjoer |
| Katalognimm | |
| NGC 3603, OCL 854, ESO 129-SC16, h 3334, GC 2354 | |
Den NGC 3603 ass een Emissiounsniwwel am Stärebild Puppis, deen op enger Distanz vun 20.000 Liichtjoer vun eiser Äerd ewech läit. Den NGC 3603 ass am Carina-Aarm vun eiser Mëllechstrooss an ass ronn 26.000 Liichtjoer vum Zentrum vun eiser Galaxis ewech, ongeféier grad esou wäit ewech wéi eis Sonn.
Den NGC 3603 ass awer och en oppene Stärekoup, an deen de gréisste Koup vu Risestären, déi sougenannte Wolf-Rayet-Stären, an eiser Mëllechstrooss ass. Dee Stärekoup ass e ganz aktivt H-II-Gebitt mat vill jonke Stäre, déi ronn 2 Millioune Joer al sinn. Eis Sonn ass, am Verglach dozou, ronn 4,6 Millarden Joer al.
E bësschen op der Säit vum oppene Stärekoup steet de massive Stär Sher 25. Op dem Hubble-Bild, lénks iwwer dem Stärekoup mat engem siichtbare Rank. De Sher 25 ass am Endstadium vu sengem Stäreliewen a wäert an noer Zukunft als Supernova explodéieren, d.h. an e puer 1.000 Joer. De siichtbare Rank ëm de Sher 25 sinn d’Iwwerreschter vun der Supernova 1987A.
[änneren] Entdeckung
Den Emissiounsniwwel NGC 3603 gouf den 14. Mäerz 1834 vum briteschen Astronom John Herschel entdeckt.
[änneren] Um Spaweck
- Hubble Space Telescope
- Astronomie.de Chandra
- GoBlack
- Max-Plank-Gesellschaft
- University of Washington - Single Hubble picture captures key phases in the stellar life cycle
- Antilhue - Chile
- Capella Observatory
- Astronomy Picture of the Day – NGC 3603
- Astronomy Picture of the Day – Sher 25
- Astronomy Picture of the Day – SN 1987a
- SEDS
- NASA/IPAC EXTRAGALACTIC DATABASE
| Commons: NGC 3603 – Biller, Videoen oder Audiodateien |
NGC 3579 | NGC 3580 | NGC 3581 | NGC 3582 | NGC 3583 | NGC 3584 | NGC 3585 | NGC 3586 | NGC 3587 | NGC 3588 | NGC 3589 | NGC 3590 | NGC 3591 | NGC 3592 | NGC 3593 | NGC 3594 | NGC 3595 | NGC 3596 | NGC 3597 | NGC 3598 | NGC 3599 | NGC 3600 | NGC 3601 | NGC 3602 | NGC 3603 | NGC 3604 | NGC 3605 | NGC 3606 | NGC 3607 | NGC 3608 | NGC 3609 | NGC 3610 | NGC 3611 | NGC 3612 | NGC 3613 | NGC 3614 | NGC 3615 | NGC 3616 | NGC 3617 | NGC 3618 | NGC 3619 | NGC 3620 | NGC 3621 | NGC 3622 | NGC 3623 | NGC 3624 | NGC 3625 | NGC 3626 | NGC 3627 | NGC 3628