NGC 4410 Grupp

Vu Wikipedia
Date vun der NGC 4410 Grupp
2MASS-Foto vun der Galaxiëkoppel NGC 4410A/B; lénks uewen ass den NGC 4410C (IC 790) z'erkennen
Stärebild Virgo (Vir)
Positioun (Equinoxe: J2000.0)
Rektaszensioun 12h 26,5m
Deklinatioun + 09° 01'
Ausgesinn
Hubble-Sequenz
Visuell Magnitude
Wénkelduerchmiesser
Flächenhellegkeet
Physikalesch Daten
Gehéiert zum Virgo-Galaxiëkoup
Distanz zirka 300 Mio. Liichtjoer
zirka 100 Mio. Parsec
Routverrécklung zirka 0,024
Radialvitess zirka 7400 km/s
Geschicht
Entdecker John Herschel
Entdeckungsdag 18. Januar 1828

D'NGC 4410 Grupp ass eng interaktiv Galaxiëgrupp am Stärebild Virgo. D'Grupp ass ongeféier 100 Mpc wäit vun eis ewech a gläicht dem Stephans Quintett an den HCG 16. Um westlechen Enn vun der längelzeger, mat Gezäitenäerm verbonnener Grupp leien den NGC 4410A an den NGC 4410B, eng wiesselwierkend Galaxiëkoppel, där hir Käre ronn 20 Bousekonne vunenee leien an déi och als Mrk 1325 katalogiséiert ass.

D'Galaxiëkoppel NGC 4410A/B gouf den 18. Januar 1828 vum John Herschel als Niwwel entdeckt a gouf spéider als NGC 4410 agedroen. Den 1. Januar 1965 huet de Chavira am NGC 4410B d'Supernova SN 1965A entdeckt.

Memberen[änneren | Quelltext änneren]

Membere vun der NGC 4410 Grupp (Auswiel)
Bezeechnung α
J2000.0
δ
J2000.0
Morphologeschen Typ mB Wénkelausdehnung Katalogbezeechnungen
NGC 4410A 12h 26m 28,2s + 09° 01' 09 Sab pec? 13,8 1,3' × 0,8' PGC 40694, VCC 904 Mrk 1325, KPG 335, UGC 7535, CGCG 70-73, MCG +2-32-47
NGC 4410B 12h 26m 29,6s + 09° 01' 09 S0? pec 15,0 0',5 × 0',5 PGC 40697, VCC 907
NGC 4410C 12h 26m 35,5s +09° 02' 07 S0? 15,5 0',8 × 0',6 IC 790, PGC 40713, CGCG 70-75, MCG +2-32-51, VCC 919
NGC 4410D 12h 26m 44,3s +09+ 02' 54 SBa(s) 14,8 0',7 × 0',6 PGC 40736, CGCG 70-79, MCG +2-32-54, IRAS F12242+0919, VCC 934
NGC 4410E 12h 26m 31,6s +09° 07' 23 S 16,0 0',6 × 0',4 PGC 94212
NGC 4410F 12h 26m 40,9s +09° 00' 54   zirka  16 0',3 × 0',3  

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Referenzen[änneren | Quelltext änneren]

  • Pérez Grana et al.: BVRI photometric analysis for the galaxy group NGC 4410; in: Astronomy and Astrophysics 485 (2), S. 435-449 (2008)
  • Smith et al.: Chandra Observations of the Interacting NGC 4410 Galaxy Group; in: The Astronomical Journal 126 (4), S. 1763-1775 (2003)