NGC 457

Vu Wikipedia
Date vum NGC 457
NGC 457, den Eilenkoup oder och ET-Koup
Objettyp Oppene Stärekoup
Stärebild Cassiopeia (Cas)
Positioun (Equinoxe J2000.0)
Rektaszensioun 01h 19m 35s
Deklinatioun +58° 17' 12"
Ausgesinn
Klassifikatioun I 3 r
Visuell Magnitude +6,4m
Wénkelduerchmiesser 13'
Stären ongeféier 80
Hellste Stär +8,6m
Faarfexzess E(B-V) 0,472 mag
Physikalesch Daten
Gehéiert zum Perseus-Arm,
Mëllechstrooss
Distanz ongeféier 8000 Liichtjoer
Absolutten Duerchmiesser ongeféier 30 Liichtjoer
Alter ongeféier 20 Millioune Joer
Katalogbezeechnungen
NGC 457, OCl 321, C 0115+580,
Mel 7, Cr 12, Lund 43,
Raab 3, H VII-42, h 97, GC 256

Den NGC 457 ass en oppene Stärekoup am Stärebild Cassiopeia. Den NGC 457 huet en Duerchmiesser vun 13' an eng visuell Magnitude vu +6,4 mag. Domat zielt den NGC 457 zu den hellste Stärekéip am Stärebild Cassiopeia an zu den hellsten oppene Stärekéip, déi net am Messier-Katalog opgefouert sinn. Opgrond vu sengem Ausgesinn gëtt de Stärekoup och mat dem Spëtznumm Eilekoup oder ET-Koup genannt. Den hellste Stär ass de Phi Cassiopeiae, wouduerch de Koup geleeëntlech och als Phi-Cassiopeiae-Koup bezeechent gëtt. Zesumme mat Phi Cassiopeiae stécht HD 7902 däitlech ervir an déi zwéi Stäre maachen zesummen d'"Ae" vum Koup. Allerdéngs handelt et sech warscheinlech souwuel beim Phi Cassiopeiae wéi och beim HD 7902 ëm Stären, déi net Member vum Stärekoup sinn. Den NGC 457 läit am Perseus-Aarm vun der Mëllechstrooss, ongeféier 9000 Liichtjoer vun der Äerd ewech. D'Ausdehnung vum Stärekoup gëtt op ongeféier 30 Liichtjoer, säin Alter op ronn 20 Millioune Joer geschat. Den NGC 457 gouf 1787 vum Friedrich Wilhelm Herschel entdeckt.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: NGC 457 – Biller, Videoen oder Audiodateien