Omega Centauri

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) NGC 5139)
Omega Centauri

Den Omega Centauri (och als NGC 5139 bezeechent) ass e Kugelstärekoup am Stärebild Centaurus. Hien huet e Wénkelduerchmiesser vun 36,3' an eng visuell Magnitude vu +3,70 mag. Domat ass et deen hellste Kugelstärekoup vum Himmel a scho mat bloussem A als klengen Niwwelfleck ze gesinn.

Hien huet och dee gréisst absolut Hellegkeet, well hie mat Ofstand dee masseräichste Kugelstärekoup vun eiser Mëllechstrooss ass.

De Kugelstärekoup NGC 5139 gouf 1677 vum britteschen Astronom Edmond Halley entdeckt.

Koordinaten (Equinoxe J2000.0)

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: NGC 5139 – Biller, Videoen oder Audiodateien