NGC 598

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Den NGC 598, Dräiecksniwwel oder Messier 33.
ass déi zweethellst Spiralgalaxis um Nuetshimmel.

De NGC 598 (och Dräieckniwwel, Triangulumniwwel oder Messier 33 bezeechent) ass eng Spiralgalaxis mat de Moossen 68.7'x 41.6' an der Visueller Magnitude vu +5,70 mag am Stärebild Triangulum. Den Dräiecksniwwel ass no dem Andromedaniwwel an der Mëllechstrooss dat drëttgréissten Objet an der Lokaler Grupp an déi eenzeg weider echt Spiralgalaxis niewen dësen zwou. D'Distanz zum Dräiecksniwwel bedréit ronn 3 Millioune Liichtjoer. D'Mass vun dëser Spiralgalaxis bedréit ronn 10% vun der Mëllechstroosemass, entspriechend 30 Milliarden Sonnemassen.

Wéinst senger grousser Fläch an där doraus resultéierender klenger Flächenhellegkeet ass den Dräiecksniwwel besonnesch bei méi staarke Vergréisserungen mat dem Teleskop schwéier ze fannen.

D'Galaxis enthält dräi Gasniwwelen, NGC 592, NGC 595 an déi riseg Stäregebuertsplaz NGC 604. Weider sinn e puer Kugelstärekéip, vun deenen e puer der seltener Objetklass bloe Kugelstärekoup gehéieren. Méiglecherweis huet si och eng Satellitegalaxis, an zwar d'LGS 3.

Koordinaten (Equinoxe 2000.0)

[änneren] Kuckt och

Saturn 01.svg Portal Astronomie

[änneren] Um Spaweck

Commons: Triangulum Galaxy – Biller, Videoen oder Audiodateien
Perséinlech Tools
Nummraim

Varianten
Aktiounen
Navigatioun
Geschirkëscht
An anere Sproochen