NGC 6210

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
NGC 3511
Stärebild Hercules (Her)
Positioun fir d'Equinoxe J2000.0
Rektaszensioun 16h 44m 29,4s
Deklinatioun +23° 47′ 59,7″
Ausgesinn
Visuell Magnitude 8,8m
Visuell Magnitude (B-Band) 9,3m
Wénkelduerchmiesser 0,5′ × 0,47′
Wénkelduerchmiesser 0,5′ × 0,47′
Zentralstär
Bezeechnung Zentralstär HD 151121
Visuell Magnitude 12,9m
Physikalesch Donnéeën
Distanz (Lj)  6.500
Routverrécklung  (+47 ± 117) ∙ 10-6
Radialvitesse  (+14 ± 35) km/s
Absoluten Duerchmiesser  0,5 Lj
Katalog- an Entdeckerbezeechnungen
NGC  6210
GC  4235
h  1970
PK  43+37.1
CS  12.9
Struve  5
Lalande  30510

Den NGC 6210 ass e planetareschen Niwwel am Stärebild Hercules. Den NGC 6210 huet eng Wénkelausdeenung vun 0,3' × 0,2' an eng visuell Magnitude vu +9,50 mag. Säin hellen Zentralstär, e Wäissen Zwerg, liicht mat enger visueller Magnitude vun 12,9 mag. D'Distanz zu eiser Sonn gëtt mat 6.500 Liichtjoer geschat, wouraus sech aus der schäinbarer Gréisst eng Ausdeenung vun ca. 0,5 Liichtjoer ergëtt.

Den NGC 6210 gouf 1825 vum däitschen Astronom Friedrich Georg Wilhelm Struve entdeckt.

Beschreiwung [änneren]

De "Waasserdeckelsmoukenniwwel" - Turtle Nebula - NGC 6210 am Hercules ass e ganz helle planetareschen Niwwel mat engem Zentralstär deen op Fotoe gutt ze gesinn ass.

Déi ofgestousse Gaswolleke liichten intensiv blozeg bis turquoise, wat duerch déi dominant Spektrallinne vum einfachen (blo) an duebelen (türkis) ioniséierte Sauerstoff verursaacht gëtt. Fotoe mat enger héijer Opléisung déi vum HST gemaach goufen, weisen datt den Zentralstär 4 Jets aus ganz waarmem Gas an dee méi alen an domat kale Gasmantel ausstéisst. Déi kucke wéi kleng "Féissercher" eng Iddi aus dem Gasmantel eraus, an den Niwwel gesäit doduercher aus wéi eng Waasserdeckelsmouk, déi schwëmmt.

Kuckt och [änneren]

Saturn 01.svg Portal Astronomie

Um Spaweck [änneren]