NGC 7742

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen

Den NGC 7742 ass eng Face-On-Galaxis am Stärebild Pegasus.

Detailfoto vum NGC 7742

Si ass 72 Milliounen Liichtjoer ewech. Mat engem Duerchmiesser vu 36.000 Liichtjoer ass se relativ kleng. Hir visuell Magnitude ass +11,6 m, d. h. si ass eng Seyfert-Galaxis vum Typ 2. – Opgrond vun hirem Ubléck gëtt si och nach „Spigelee-Galaxis“ genannt.

Si huet (vu bannen no baussen) folgenden Opbau:

  • An der Mëtt vun dëser Galaxis huelen d’Wëssenschaftler un, datt sech hei e Schwaarzt Lach befënnt.
  • Ronderëm ass e ganz helle Kär an eng Stëpsceinture an ca. 2000 Liichtjoer Ofstand.
  • An der nächster bloer Regioun (ca. 3200 Liichtjoer) entstinn ganz vill Stäre.
  • Dono kënnt eng weider Stëbsceinture mat enger manner grousser Dicht wéi déi éischt.
  • Eréischt baussen der zweeter Stëbsceinture gëtt et Spiralaerm, wéi se bei de normale Spiralgalaxien bekannt sinn.

Den NGC 7742 huet ee sougenannten „aktive Kär“, d. h. dat Schwaarzt Lach verbraucht („frësst“) Massen aus senger Ëmgéigend. Dës Käre kennzeechnen sech duerch eng extrem Hellegkeet aus.

[änneren] Kuckt och

Saturn 01.svg Portal Astronomie

[änneren] Um Spaweck

Perséinlech Tools
Nummraim

Varianten
Aktiounen
Navigatioun
Geschirkëscht
An anere Sproochen