Nadine Bichler

Vu Wikipedia
Nadine Bichler
Gebuer 1968
Lëtzebuerg
Gestuerwen 15. November 2017
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Saxophonist, Infirmier

D'Nadine Bichler, gebuer 1968 an der Stad Lëtzebuerg a gestuerwen de 15. November 2017[1], war eng lëtzebuergesch Saxophonistin.

Studium a Karriär[änneren | Quelltext änneren]

Am Alter vun 10 Joer huet Nadine Bichler sech um Conservatoire vun der Stad Lëtzebuerg ageschriwwe fir Solfège a Saxophon an der Klass vum Professer Guy Goethals ze léieren. Hire Studium huet si 1993 mat engem Prix supérieur au saxophone en musique de chambre ofgeschloss.

D'Nadine Bichler huet eng Ausbildung als Infirmière gemaach an huet als Infirmière anésthesiste am Centre hospitalier an der Stad Lëtzebuerg geschafft.

Nieft hirer Aarbecht huet d'Nadine Bichler sech am Conservatoire royal de musique zu Léck um Saxophone weidergebilt, wou si an de Klasse vum Albert Thyssens a Philippe Leblanc war.

Fir hir Formatioun ofzeschléissen huet si sech um Conservatoire vu Maastricht beim Professer Adri Van Velsen ageschriwwen.

Wärend där Period huet si mam Sopran-Saxophon am Quatuor de saxophones du conservatoire de Maastricht gespillt.

1996 krut d'Nadine Bichler de Premier prix supérieur interrégional en musique de chambre. Si huet sech nach bei de Professere François Daneels vu Bréissel, Claude Delangle vu Paräis, Iwan Roth vu Basel, Serge Bichon vu Lyon an Arno Bornekamp vun Amsterdam weider perfektionéiert.

An hirem Repertoire hat si ënner anerem Wierker vu Glazounov, Harvey, an Debussy. Si war um Saxophon alto a sopran perfektionéiert.

Si war Chargée de cours an der Museksschoul zu Iechternach, an Dirigentin vun der Harmonie vu Biwer a vun der Harmonie vun Hesper.

Den 1. Oktober 2017 hätt si sollen hir nei Plaz als Direktesch vun der Iechternacher Musekschoul untrieden, konnt dat awer wéinst hirer schwéierer Krankheet net méi maachen.[1]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. 1,0 1,1 Ecole de musique régionale d'Echternach - Décès de la nouvelle directrice, Nadine Bichler op wort.lu den 18. November 2017