Nadine Kauffmann

Vu Wikipedia
Nadine Kauffmann
Gebuer 26. Abrëll 1976
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Saxophonist

D'Nadine Kauffmann, gebuer de 26. Abrëll 1976 an der Stad Lëtzebuerg, ass eng lëtzebuergesch Saxophonistin a Professesch am Escher Conservatoire.

Si huet an de Conservatoirë vu Lëtzebuerg, Bréissel, Enschede a Stroosbuerg ee ganz diversifizéierte Studium vun hirem Instrument gemaach. Ganz jonk huet si ugefaangen z'enseignéieren an ass zënter 2001 Saxophonsprofessesch am Escher Conservatoire.

Als klassesch Saxophonistin ass si mat ville lëtzebuergeschen an auslänneschen Orchesteren opgetrueden (ë. a. OPL, SEL, Musique Militaire, Illinois Philharmonic Orchestra, Latvian Philharmonic Chamber Orchestra), huet a ville Kammermusekformatiounen gespillt an eng Rëtsch ganz ënnerschiddlech CDen opgeholl (D'Siinchen vu Lëtzebuerg, Saxophone Concertos, Il Canto dell'Usignolo).

Duerch d'Zesummenaarbecht mat ë. a. login-music/OPL/Philharmonie, der Jeunesses Musicales Luxembourg, dem Iechternacher Festival krut si eng grouss Erfarung wat Kanner – a Jugendprojeten ubelaangt. Des Weideren huet si am Escher Conservatoire eng ganz Rei pedagogesch Projeten an d'Liewe geruff sou wéi d'Grondschoulbrochure an Een Instrument wat bei mech passt.

Vun 2008 bis 2014 huet si zesumme mam Georges Urwald de Stued-Theater, ee private Klengkonschttheater zu Gréiwemaacher, geleet.

Nieft verschiddene punktuelle Projete spillt si an 3 festen Ensembelen: d'Fraeband „d'Gëlle Fraen“ mat Schwéierpunkt Musek aus den 20er Joren a Pantomim; „toneclash“, ee Percussioun-Saxophon-Duo, mat eegener, duerchkonzipéierter Musek, déi hir Inspiratioun am kulturellen Openanertreffe vu ganz ënnerschiddleche Konschtgattunge fënnt, souwéi de jéngsten Ensembel „toile si-re“ dee Lëtzebuerger Klassiker mat Hëllef vu Figurentheater mat eegener Musek op eng ganz authentesch Aart a Weis interpretéiert.

Präisser[änneren | Quelltext änneren]