Naif ibn Abd al-Aziz
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
De Prënz Naif (oder Nayef) ibn Abd al-Aziz Al Saud (och als Nayef bin Abdul-Aziz (en.) oder Nayef ben Abdelaziz (fr.) transkribéiert; ar.: نايف بن عبد العزيز آل سعود|), gebuer 1933[1] oder 1934[2] zu Ta'if, Saudi-Arabien, a gestuerwen de 16. Juni 2012 zu Genf[3], war de Krounprënz, Vizepremierminister an Inneminister vu Saudi-Arabien.
Hie war ee vun de Sudairi-Siwen, de Jonge vum Kinnek Abd al-Aziz ibn Saud an der Hasa bint Sudairi.
Ämter [änneren]
- 1953–1954: Gouverneur vu Riad
- 1970: Delegéierten Inneninister
- 1970: Staatsminister fir bannenzech Affairen a President vum Conseil supérieur fir Informatioun
- 1975–2012: Inneminister
- 2009–2011: Delegéierte Vizepremierminister
- 2011–2012: Krounprënz a Vizepremierminister
Referenzen [änneren]
- ↑ Prince Nayef Bin Abdulaziz Biography and history, Homepage vun der Al-Imam Muhammad Ibn Saud Islamic University (gelies de 17. Juni 2012).
- ↑ Crown Prince Nayef bin Abdulaziz, Homepage vun der Saudi-Ariabescher Ambassad zu Washington D.C. (gelies de 17. Juni 2012).
- ↑ Kronprinz gestorben. faz.net, 16. Juni 2012.