Najoua Belyzel
D'Najoua Belyzel, gebuer de 15. Dezember 1981 zu Nanzeg als Najoua Mazouri, ass eng franséisch Sängerin.
Inhaltsverzeechnes |
[änneren] Biographie
D'Najoua Belyzel ass dat véiert Kand vun engem marokkanesche Papp an enger egyptescher Mamm an huet hir Kandheet mat hiren dräi grousse Schwësteren an hiren zwéi klenge Bridder zu Nanzeg a Loutrengen verbruecht. Mat 17 Joer mécht si do hire Baccalauréat économique et social a studéiert Droit op der Université de Nancy. Nodeems si hire Studium ofgeschloss huet, geet si op Paräis fir eng Carrière am Museksgeschäft unzefänken, an gewënnt direkt e Casting fir Member am Grupp Benoît ze ginn. Déi Grupp hëlt zwou Singelen op, Tourne-toi Benoît (16. an de franséischen Single Charts) a Casanova (79).
2005 bréngt d'Najoua Balyzel hir éischt Solosingle eraus: Gabriel gëtt en groussen Erfolleg, an erreecht d'Top Ten a Frankräich, der Belsch, Russland an am Québec. Aus hirem éischten Album Entre deux mondes, och nach bekannt als Entre deux mondes... En équilibre, ginn nach zwou aner Singlen ausgekoppelt: Je ferme les yeux a Comme toi.
Am September 2007 bréngt si Quand revient l'été, déi éischt Single vun hirem zweeten Album eraus. Obwuel déi Single d'Top Ten an Frankräich erreecht, gëtt d'Verëffentlechung vum Album Moderato Cantablie annuléiert.
Eréischt am Mäerz 2009 mellt sech d'Sängerin zeréck mat engem neie Lidd, La bienvenue. Hiren zweeten Album Au féminin kennt schlussendlech am November 2009 eraus, nodeems d'Verëffentlechung dräi Joer laang ëmmer erëm zeréckgesat gouf. Op dem Album fënnt een ënner anerem en Duo mam Marc Lavoine an op der limitéierter Editioun eng Coverversioun vun der Marie Laforêt hirem Lidd Viens, Viens.
[änneren] Diskografie
[änneren] Albumen
| Joer | Album | Chartpositioun | ||
|---|---|---|---|---|
| Frankräich | Belsch | Schwäiz | ||
| 2006 | Entre deux mondes...[1] | 7 | 9 | 46 |
| 2009 | Au féminin[2] | 66 | - | - |
[änneren] Singelen
| Joer | Single | Chartpositioun | Album | |||||
|---|---|---|---|---|---|---|---|---|
| Frankräich[3] | Belsch[4] | Schwäiz[5] | Québec | Russland[6] | Däitschland | |||
| 2005 | Gabriel | 3 | 1 | 20 | 1 | 8 | 62 | Entre deux mondes... En équilibre |
| 2006 | Je ferme les yeux | 13 | 21 | 90 | 5 | 116 | — | |
| Comme toi | 16 | 37 | 92 | — | 135 | — | ||
| 2007 | Quand revient l'été | 10 | 25 | — | — | — | — | Au Féminin |
| 2009 | La bienvenue | 9 | — | — | — | — | — | |
| M (Hey hey hey) | 20 | — | — | — | — | — | ||
| 2010 | Ma Sainte Nitouche | — | — | — | — | — | — | |
[änneren] Referenzen
- ↑ lescharts.com: Entre Deux Mondes...
- ↑ lescharts.com: Au Féminin
- ↑ lescharts.com
- ↑ ultratop.be
- ↑ hitparade.ch
- ↑ tophit.ru