Naked Opera

Vu Wikipedia
Naked Opera
Film
Produktiounsland Lëtzebuerg
Däitschland
Première 2013
Dauer 85 min
Originalsprooch Lëtzebuergesch
Däitsch
Englesch
Ekipp
Regie Angela Christlieb
Dréibuch Patricia Fürst, Philipp Reimer; Adaptatioun vum Dréibuch vum Angela Christlieb a Bady Minck
Fotografie Jerzy Palacz
Musek André Mergenthaler
Schnëtt Pia Dumont
Produzent Bady Minck (Amour Fou Luxembourg), Bettina Brokemper (Heimatfilm)
Schauspiller
Marc Rollinger: sech selwer
Jordan Fox: sech selwer
Nilton Martins: Callboy Nelson
Filmportal - Filmer no Joren - Film no Länner - Film no Genre

Naked Opera ass e lëtzebuergesch-däitschen Documentaire vun der Regisseurin Angela Christlieb. En hat Première op der Berlinale 2013 am Zyklus 'Panorama'.

Ëm wat geet et am Film?[änneren | Quelltext änneren]

De Marc Rollinger ass e räiche Lëtzebuerger Enn 30 mat enger onheelbarer Auto-Immunkrankheet. Seng grouss Leidenschaft ass d'Oper, besonnesch dem Mozart säin Don Giovanni. De Marc identifizéiert sech mat der Haaptfigur, hien üübt nämlech och gäre Muecht iwwer anerer aus. Hie probéiert eemol am Mount an enger Stad ze sinn, wou déi Oper opgefouert gëtt.

D'Regisseurin Angela Christlieb huet hie bei senge Reesen op Berlin, Wien a Venedeg begleet. An deene Stied wunnt hien a Luxus-Hotellen a bestellt sech Escort-Boys als Begleeder. Mee säi Liewen hëlt eng onerwaart Wendung, wéi hie sech an e jonke Pornoduersteller Jordan Fox verléift.

Produktioun an Exploitatioun[änneren | Quelltext änneren]

De Film gouf mat Gelder vum Lëtzebuerger Filmfong an der däitscher Filmförderungsanstalt ënnerstëtzt.[1]

407 Leit waren den Documentaire zu Lëtzebuerg an de Kino kucken.[2]

Filmpräisser[änneren | Quelltext änneren]

Op der Berlinale 2013 gouf de Film mam "Heiner-Carow-Präis" vun der DEFA-Stëftung ausgezeechent. Et war déi éischt Editioun vun deem Präis, deen du mat 5.000 Euro dotéiert war. D'Begrënnung vun der Jury war, datt Naked Opera e "ganz schéine, ganz kënschtleresche Film wier" an dat "de Marc den 'Don Giovanni' als Deel vu senger Liewesphilisophie interpretéiert an d'Angela Christlieb et androcksvoll versteet, dem Zuschauer deen Zesummenhang ze weisen".[3]

Am selwechte Joer krut Naked Opera um Filmfestival Message to Man zu Sankt Petersburg de Präis vun der Pressejury.[4]

Kritik[änneren | Quelltext änneren]

Camilla Hildebrandt, Deutschlandfunk:[5]

Ein außergewöhnlicher Dokumentarfilm, ein Spiel mit Realität und Fantasie auf allen Ebenen.

Kristina Höch, Filmarchiv Austria[6]

In Rollinger laufen Pomp, Alltägliches, Brillanz, Unsicherheit, Einsamkeit und große Leidenschaft zusammen. Eine tragische Figur, die nicht nur in Szene gesetzt wird, sondern sich selbst inszeniert, was die Realitätsebenen dieser Dokumentation zeitweise verschwimmen lässt.

Verena Schmöller, Kino-Zeit:[7]

Die Parallelisierung von Rollinger und den Figuren aus „Don Giovanni“ ist nett und bestimmt auch geeignet, um Opern- und „Don Giovanni“-Liebhaber in den Film zu locken (der Film zeigt immer auch wieder Ausschnitte aus der gleichnamigen von 1979), enttäuscht aber eher, als dass sie erhellt. Insgesamt bleibt man als Zuschauer etwas ratlos zurück.

Peter Fuchs, queer.de:[8]

Bezeichnend für diesen Dokumentarfilm, der die Grenzen zwischen Fakt und Fiktion, zwischen Realität und Inszenierung verwischt, spricht [Marc Rollinger] dabei von sich in der dritten Person. Strukturiert Regisseurin Angela Christlieb zu Beginn den Film noch nach dem Libretto der Oper von Mozart, geht die Handlung zunehmend einen eigenen Weg. Es kommt zum Rollentausch: Der Protagonist benimmt sich wie ein Regisseur und sagt, was zu tun ist, die Regisseurin kommt plötzlich als handelnde Person ins Bild. Das Publikum kann nicht mehr zwischen authentischer Aussage und arrangiertem Statement unterscheiden. Das ist reizvoll, gerade wenn die Geschehnisse Fahrt aufnehmen

The Hollywood Report[9]

A peculiar and frustrating portrait of a man coping with chronic illness by indulging in carnal and intellectual pleasures, Angela Christlieb's Naked Opera presents itself as a documentary but is unconcerned with answering even the most basic questions viewers will have about its subject. An air of louche intellectualism and some exotic European settings will help it at fests and may seduce some arthouse viewers, but commercial appeal is limited.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. De Film op cineuropa.org/
  2. alta.lu: Box-office luxembourgeois officiel des productions et coproductions luxembourgeoises, Zuele vum CNA vun 2018
  3. blickpunktfilm.de: Heiner-Carow-Preis für "Naked Opera" vum Jochen Müller (ondatéiert)
  4. wort.lu: Mozart und Männerkörper vum (31. Oktober 2013)
  5. deutschlandfunk.de: Ein Narzisst mit der Liebe zur Don-Giovanni-Oper vum Camilla Hildebrandt (8. Oktober 2013)
  6. filmarchiv.at: 25 Jahre Amour Fou - NAKED OPERA vum Kristina Höch (ondatéiert)
  7. kino-zeit.de: Naked Opera - Eine Filmkritik von Verena Schmöller (ondatéiert)
  8. queer.de: "Naked Opera": Don Giovanni und die Callboys vum Peter Fuchs (9. Oktober 2013)
  9. hollywoodreporter.com: Naked Opera: Film Review (18. Oktober 2013)