Nantes
|
|||||
|---|---|---|---|---|---|
| Land | |||||
| Regioun | |||||
| Departement | |||||
| Arrondissement | Nantes | ||||
| Kanton | Chef-lieu vun 11 Kantonen Nantes 1 - Nantes 2 - Nantes 3 Nantes 4 - Nantes 5 - Nantes 6 Nantes 7 - Nantes 8 - Nantes 9 Nantes 10 - Nantes 11 |
||||
| Code Insee | 44 109 | ||||
| Postcode | 44000 bi 44300 | ||||
| Koordinaten | 47° 13' 05" N 01° 33' 10" W |
||||
| Fläch Uertschaft | 6 519 ha | ||||
| Bevëlkerung Uertschaft | 281 800 (2005) | ||||
Nantes [nɑ̃t] (bretonesch: Naoned, latäin: Portus Namnetus) ass eng Groussstad am Weste vu Frankräich, d'Prefecture vum Departement Loire-Atlantique an en Deel vun der Regioun Pays de la Loire.
Geographie [änneren]
Bei Nantes leeft d'Erdre an d'Loire. D'Stad läit ronn 55 Kilometer ëstlech vum Atlantik an zum gréissten Deel um Nordufer vun der Loire.
De Klima vun Nantes gëtt duerch den Atlantik, dee nobäi ass, bestëmmt. De Wanter ass mëll a fiicht, de Summer waarm an net iwwerméisseg dréchen. Déi duerchscnëttlech Jorestemperatur ass 12 °C (Wanter: 5 °C/ Summer: 18,5 °C).
Geschicht [änneren]
Altertum a Vëlkerwanderung [änneren]
Tëschent 900 an 600 v. Chr. waren d'Uwänner vun der Loire schonns besidelt, wéi et aus verschiddene Spuren ervirgeet. Géint 500 v. Chr. koumen d'Kelten an d'Regioun vum haitege Nantes. Am Gallesche Krich gouf dëst Gebitt 56 v. Chr. der réimescher Herrschaft ënnert dem Julius Caesar ënnerworf. Am Joer 50 v. Chr. gouf um Gebitt vum haitegen Nantes déi réimesch Hafestad Portus Namnetus gegrënnt. Am drëtte Joerhonnert sinn dunn d'Awunner zum chrëstleche Glawen iwwergetrueden. Ongeféier zur gläicher Zäit (vun 285 un) sinn d'Sachsen an dës Regioun agezunn.
Am 5. a 6. Joerhonnert koumen, wéi et heescht, d'Bretone vun de Briteschen Inselen, an déi Géigend. Deen Nowäis ass iewer net honnertprozenteg erbruecht.
Vum Mëttelalter bis zur Neizäit [änneren]
1066 huet de Grof vun Nantes sech dem Herzogtum vun der Bretagne ënnerworf. Am Joer 1154 gouf dunn Nantes un den Heinrich II. ofgetratt, deen am selwechte Joer op den engleschen Troun koum.
1460 ass zu Nantes d'Universitéit gegrënnt ginn. Nom Doud vun der Anne de Bretagne (1477-1514) ass d'Bretagne dunn e Bestanddeel vum allgemenge franséischen Territoire ginn.
Duerch den Edikt vun Nantes ("Toleranzedikt"), vum Henri IV. deen op den 13. Abrëll 1598 zréckgeet, huet déi joerzéngtelaang Ënnerdréckung a Verfolgung vun den Hugenotten duerch d'kathoulesch Kierch an de franséische Staat en Enn fonnt. Den Héichpunkt vun där Verfolgung war déi sougenannt Bartholomäusnuecht am Joer 1572. Den Edikt vun Nantes, deen de franséische Calvinisten eng fräi Ausübung vun der Relioun zougeséchert huet, gouf allerdéngs am Joer 1685 vum Louis XIV. widderruff (Edikt vu Fontainebleau).
Wéinst senger gënschteger Lag un der Loire-Mëndung huet d'Stad am 18. Joerhonnert vun engem staarke wirtschaftlechen Opschwonk profitéiert a gouf domatter déi bedeitentst Hafestad a Frankräich. De Sklavenhandel, deen deemools floréiert huet, huet vill duerzou bäigedroen.
Während der Franséischer Revolutioun goufen zu Nantes, wéi gesot gëtt, 16.000 Bierger higeriicht.
Déi éischt ëffentlech Buslinn vun der Welt gouf 1826 zu Nantes ageweit.
Nantes am Zweete Weltkrich [änneren]
1940 ass d'Stad während dem däitsche Frankräichfeldzug vun den däitschen Truppen besat ginn. 1941 gouf den däitsche Stadkommandant Hotz vun der Resistenz ëmbruecht, wourop hinn 50 Geisele higeriicht goufen. D'Haaptverkéiersstrooss "des 50 Otages" erënnert un déi schrecklech Tragedie. Bis Juni 1941 war Nantes d'Haaptstad vun der Bretagne, du gouf d'Stad vum Vichy-Regime vun der Regioun ofgetrennt. Tëschent dem 16. an 23. September 1943 ass Nantes duerch déi alliéiert Loftattacke staark matgeholl ginn. No der Landung vun den Alliéierten an der Normandie goufen déi däitsch Besatzungstruppen den 12. August 1944 verdriwwen.
Um Spaweck [änneren]
| Commons: Nantes – Biller, Videoen oder Audiodateien |