Napoleon III. vu Frankräich

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Napoléon III.)
Napoleon III. vu Frankräich
Gebuertsnumm Charles Louis Napoléon Bonaparte
Gebuer 20. Abrëll 1808
Paräis
Gestuerwen 9. Januar 1873
Nationalitéit Frankräich
Aktivitéit Politiker, Schrëftsteller
Famill
Bestuet mat Eugénie de Montijo
Liewenspartner(in) Alice Ozy
Papp Louis Bonaparte
Geschwëster Charles de Morny

Den Napoleon III. (Charles-Louis-Napoléon Bonaparte), gebuer den 20. Abrëll 1808 zu Paräis, a gestuerwen den 9. Januar 1873 zu Chislehurst (net wäit vu London), war de Jong vum Louis Bonaparte, Kinnek vun Holland (1806 - 1810), a vun der Hortense de Beauharnais. Deemno war hien en Neveu vum Keeser Napoleon I..

Béis Zongen hu mol behaapt, datt säi Papp de Grof de Flahault, en oneheleche Jong vum Talleyrand an Amant vun der Kinnigin Hortense wier. Dat stëmmt allerdéngs nëmme fir den Duc de Morny, säin Hallefbrudder, deen eng wichteg Roll ënner dem Napoleon III. spille sollt. Als Jong vum Louis Bonaparte war den Napoleon III. ee Koseng vum Franz Joseph Karl, Herzog vu Reichstadt (= Napoléon II.).

1848, wéi déi zweet franséisch Republik ausgeruff gi war, gouf de Louis-Napoléon Bonaparte zimmlech onerwaart, sécher wéinst sengem gudden Numm, zum Staatschef gewielt. De Louis-Napoléon Bonaparte war am Fong bal onbekannt, well hien, no der Restauratioun vun de Bourbonen a Frankräich (1814/15), jorelaang am Exil mat senger Mamm gelieft hat, ë. a. zu Arenenberg an der Schwäiz, no beim Bodensee. Hien huet iwwregens eng Ausbildung als Artillerieoffizéier zu Thun ofgeschloss an huet e Liewe laang mat engem däitsch-schwäizereschen Accent Franséisch geschwat.

De Prince-Président konnt sech bal net domat offannen, datt hien, no der neier Verfassung, nëmmen eng Amtszäit zegutt hat. Dofir huet hien 1851, mat groussem Erfolleg, e Staatsstreech organiséiere gelooss, an dat Joer duerno dat Zweet Keeserräich ausgeruff. Genee wéi säin dichtege Monni Napoléon I. huet hie sech seng wichtegst Moossnamen ëmmer duerch Plebisziter bestätege gelooss.

Säi Räich ass der Rei no, an am Zesummenhang mat der Situatioun dobaussen, autoritär, liberal a schliisslech parlamentaresch gefouert ginn. Den Napoleon III. hat vill politesch Géigner, déi méi oder wéineger laang am Exil hu misse liewen. De Victor Hugo, dee selwer politesch zimmlech alles a säi Géigendeel war, ass wuel dee bekanntste vu sengen Opponenten. Anerer sinn den Edgar Quinet, de Pierre-Joseph Proudhon, asw.

1853, wéi hie scho Keeser war, gouf e mat der spuenescher Grofenduechter Eugénie de Montijo bestuet. D'Keeserkoppel krut ee Jong, den Napoléon Eugène Louis Bonaparte, deen als Prince impérial erzu gouf.

Dem Napoleon III. seng Regierungszäit steet fir d'wirtschaftlech Entwécklung vu Frankräich am 19. Jh. (Schwéierindustrie, Eisebunn, Kanäl, Kreditwiesen, Neiurbaniséierung vu Paräis...). Deemools huet Frankräich sech och dem Welthandel opgemaach (libre-échange), wat de Baueren am Land allerdéngs net wierklech gefall huet. Eng frëndlech Zesummenaarbecht gouf mat England um wirtschaftleche Plang an och an der Kolonialpolitik ageleet.

Soss goufen déi franséisch Kolonië wéi z. B. Algerie vergréissert, respektiv nei Kolonie wéi Franséisch Indochina eruewert. De Suezkanal gouf deemools vu Frankräich gegruewen an a Presenz vun der Keeserin Eugénie ageweit.

Aussepolitesch huet den Napoleon III. d'Italiener an hirem Kampf - haaptsächlech géint Éisträich - ënnerstëtzt, wéi si hir politesch Eenheet wollte realiséieren. Hie war awer net wierklech fir en Eenheetsstaat, mä hätt léiwer eng italieenesch Konfederatioun gehat, wa méiglech ënner dem Virsëtz vum Poopst. Hie war innepolitesch op d'Ënnerstëtzung vun de Katholicken ugewisen, konnt deemno net gutt zouloossen, datt de Kierchestaat géif an der Mass ënnergoen... Säin Asaz fir déi italieenesch Saach huet him d'Savoie an de fréiere Comté de Nice abruecht, zwee Gebidder, déi schonn eng Kéier bei Frankräich gewiescht waren an duerno dem Piémont-Sardaigne gehéiert haten, ouni allerdéngs italieeneschsproocheg ze sinn. De Kinnek Vittorio-Emmanuele II. vum Piémont gouf jo bekanntlech - ënner dem selwechten Numm - den éischte Kinnek vun Italien (1861).

Um amerikanesche Kontinent wollt den Napoleon III. a Mexiko ee laténgesch-kathoulescht Géigegewiicht zu den angelsächsesch-protestantesche Vereenegte Staate schafen. Säi Versuch a Mëttelamerika ee Keeserräich - mam Äerzherzog Maximilian vun Habsburg als Herrscher - opzebauen, hat allerdéngs keen Erfolleg; déi mexikanesch Rebellen hunn de Maximilian gefaange geholl an higeriicht, an den Napoleon III. huet säi Corps expéditionnaire missen zeréckruffen. Och d'Belsch hat Truppen an dëser Affär, well dem Maximilian seng Fra war eng Duechter vum Léopold II., Kinnek vun de Belsch. Dës Truppen, an deenen sech eng Partie Lëtzebuerger gemellt haten, goufen och heemgeholl.

An Europa huet den Napoleon III. den "Duell" tëscht Éisträich a Preisen, ëm de Virrang an der däitscher Welt (vgl. Däitsche Bond, 1815-1866), mat Suerge beobacht. Wéi d'Kinnekräich Preisen, an der Schluecht vu Sadowa - oder "bei Königgrätz" - (1866), d'Éisträicher militäresch besiigt hat, wat d'Opléisung vum Däitsche Bond mat sech gezunn huet, huet den Napoléon III. versicht Kompensatioune fir seng (relativ) Neutralitéit ze kréien a fir Frankräich méi grouss ze maachen. D'Belsch, déi réischt 1830/39 entstan war, war net ouni Kaméidi mat Groussbritannien ze kréien; däitsch Gebidder, wéi z. B. d'Pfalz, waren Tabu; mä Lëtzebuerg, dat no der Opléisung vum Däitsche Bond eleng do stoung, war mat senger staarker Festung intressant, zemools wéi de Kinnek-Groussherzog Wëllem III. bereet war, dat Ländchen ze verkafen. De Kontrakt war scho prett, wéi de preisesche Kanzler Otto von Bismarck eng antifranséisch Meenungscampagne am däitsche Raum begënschtegt huet, fir den Deal onméiglech ze maachen. Säin Zil war, Frankräich als Feind vun allen Däitschen opzebauen, fir dës an engem nächste Krich géint Frankräich an duerch eng militäresch Victoire an d'Eenheet ënner preisescher Virherrschaft ze féieren. 1867 koum et awer mol zu enger franséisch-preisescher Kris ëm Lëtzebuerg, déi awer vun den europäesche Groussmuechte vun deemools zu London konnt entschäerft ginn: d'Lëtzebuerger Land gouf neutraliséiert, d'Festung gouf geschleeft, an d'Preisen hu missen hir Garnisoun, déi zanter 1866 näischt méi zu Lëtzebuerg verluer hat, endlech ofzéien. Den Napoleon III. hat zwar näischt kritt, mä hie konnt wéinstens behaapten, hien hätt d'Preisen aus Lëtzebuerg verdriwwen.

1870, allerdéngs, huet den Otto von Bismarck eng Geleeënheet ausgenotzt, fir Frankräich ze provozéieren. Wéi gehofft huet den Napoléon III. gemengt, hie misst d'Éier vu Frankräich rëm hierstellen a Preisen de Krich erklären. D'Kinnekräich Preisen, dat zanter 1866 un der Spëtzt vum "Norddäitsche Bond" stoung, hat an der Zwëschenzäit heemlech e Verdeedegungsofkommes mat den däitsche Südstaaten (Bayern, Würtemberg, Baden, asw.) ënnerschriwwen. A wéi den Napoléon III. de Preisen de Krich erkläert huet, hu sämtlech däitsch Staaten am Hurra-Patriotismus zesummegehalen a Frankräich ugegraff (vgl. Schluecht vu Sedan a Belagerung vu Metz). Frankräich ass besiigt ginn, den Napoléon III. huet misse kapituléieren an ofdanken, déi (3.) Republik ass a Frankräich ausgeruff ginn, zu Paräis koum et zur Proklamatioun vun der Commune de Paris an zu schreckleche Represaillen, zu Versailles an der Galerie des Glaces ass 1871 dat (2.) Däitscht Keeserräich ausgeruff ginn; eppes méi spéit huet Frankräich Elsass-Loutrengen un dat vereenegt Däitschland missen oftrieden an eng ganz héich Krichschold op sech lueden...

Den Napoleon III., dee sech zu Sedan dem Bismarck erginn hat, gouf kuerz an Däitschland gefaange gehalen a konnt duerno an England an den Exil goen. Hien ass dann och do, méi genee zu Chislehurst, den 9. Januar 1873 gestuerwen a begruewe ginn. Wéineg méi spéit huet seng Wittfra hien op Farnborough an d'Saint-Michael-Abtei transferéiere gelooss. Hien ass iwwregens deen eenzegen Herrscher vu Frankräich, deen net a Frankräich begruewe läit. Et gëtt awer eng Vereenegung (ë. a. vum Historiker a Politiker Philippe Séguin gegrënnt), déi sech dofir asetzt, datt seng stierflech Iwwerreschter kënnen heembruecht ginn.

Den Napoleon III. bleift trotz senge grousse Verdéngschter zimmlech verkannt, ë a. well hien duerch e Staatsstreech, deemno géint d'Verfassung, seng Muecht dauerhaft konsolidéiert huet a well hien duerch eng oniwwerluecht Krichserklärung 1870 net nëmme säin Troun, mä och Elsass-Loutrenge "verspillt" huet. Leit, wéi de Victor Hugo, hu mat hire Pamphleter (Napoléon le Petit) wierksam dozou bäigedroen, datt dem Napoleon III. säin Numm geschiedegt gouf.

Bibliographie[änneren | Quelltext änneren]

  • Éric Anceau, Napoléon III - Un Saint-Simon à cheval; Paräis (Tallandier), 2012.
  • Pierre Milza, Napoléon III; Paräis (Perrin), 2004.
  • Thierry Lentz, Napoléon III; Paräis (PUF, "Que sais-je?"), 1995.
  • Philippe Séguin, Louis-Napoléon le Grand; Paräis (Grasset), 1990.
  • Louis Girard, Napoléon III; Paräis (Fayard), 1986.
  • Yves Bruley, Napoléon III - L'empereur mal-aimé; Paräis (Garnier), 2012.
  • Jean-Pierre Dufreigne, Napoléon III; Bd. I: Un si charmant jeune homme; Bd. II: Un empereur qui rêvait; Paräis (Plon), 2007.
  • Pierre Miquel, Le Second Empire; Paräis (Plon), 1992.
  • Nicolas Chaudun, L'été en enfer - Napoléon III dans la débâcle; Arles (Actes Sud, coll. 'Babel'), 2011; ISBN 978-2-330-06677-2

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Napoleon III. vu Frankräich – Biller, Videoen oder Audiodateien