Napoleon (Russesche Kuch)

Vu Wikipedia
E Stéck russeschen Napoleon

Napoleon ass déi engleschsproocheg, skandinavesch a slawesch Bezeechnung fir e Millefeuille.

Am Géigesaz zu engem traditionelle franséische Millefeuille ass e russeschen Napoleon scho bal e Kuch, mat 4-10 Schichte Bliederdeeg, tëscht deenen all Kéier eng Mousselinescrème ass, a ganz uewen drop dekoréiert ass mat zergrimmelte Reschter vum gebakenen Deeg.

Gemenkerhand ass en Napoleon rechteckeg, fir den Hausgebrauch gëtt et souguer Bliederdeeg an der richteger Form fäerdeg ze kafen. Wann awer alles selwer preparéiert gëtt, da gëtt de Bliederdeeg dacks duerch ronnen dënne Mierfdeeg ersat dee méi einfach ze preparéieren ass. Bei ville beléift ass och eng méi eng séiss Crème, aus karamelliséierter gezéckerter Kondensmëllech a Botter. Driwwer a ronderëm kann een zousätzlech och zerdréckten déck Nëss a geraaspelte Schockela streeën.

Originn vum Numm[änneren | Quelltext änneren]

Wärend dem 100-järege Jubiläum vun der Verdreiwung vum Napoleon hunn 1912 zu Moskau vill Käch nei Festkreatiounen erfonnt, dorënner och eng aus franséischem Bliederdeeg, an Dräiecksform wéi dem Napoleon säin Hutt. Déi sëllege Schichte verweisen op déi vill bedeelegt Zaldoten, an dat hellt Polver uewendrop op de Schnéi deen sou vill Invasoren d'Liewe kascht huet. De Kuch ass séier populär ginn an den Numm huet sech verfestegt, och wann d'Form méi spéit rechteckeg gouf.

Eng aner dacks zitéiert Originnsméiglechkeet ass déi, datt eng Variant vun engem Bliederdeegkuch uganks zu Neapel ënner dem Titel Napolitano erfonnt gouf, an den haitegen Numm Napoleon just eng méi spéit Verformung dovun ass, wéi gesot als Reaktioun op d'Napoleonesch Kricher.

Billergallerie[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Napoleonki – Biller, Videoen oder Audiodateien