Koalitiounskricher

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Napoleonesch Kricher)

D'Koalitiounskricher (och Napoleonesch Kricher oder Kricher vun der Franséischer Revolutioun) hu vu 1792 bis 1815 gedauert. Si stoungen an der Kontinuitéit vun de Konflikter, déi duerch d'Franséisch Revolutioun ervirgeruff gi waren.

A verschiddene Koalitioune vun den europäesche Groussmuechte goufe véier Kricher géint d'franséisch Republik an den Napoleon Bonaparte gefouert. Si loosse sech a véier Phasen andeelen:

  • d'Revolutiounskricher (1792-1802) - 1. an 2. Koalitioun
  • d'Napoleonesch Kricher (1804-1812) - 3. bis 5. Koalitioun
  • de Russlandfeldzuch (1812) an d'Befreiungskricher (1813-1814) - 6. Koalitioun
  • de Feldzuch nodeem den Napoleon aus der Verbannung zeréckkomm war (1815) (Cent-Jours)


Revolutiounskricher (1792 - 1802)[änneren | Quelltext änneren]

Déi éischt Koalitioun (1792-1797) war den éischte Versuch vun den europäesche Groussmuechten, fir d'Franséisch Revolutioun an hir Auswierkungen anzedämmen, oder souguer réckgängeg ze maachen.

D'Koalitioun huet 1792 mat der Pillnitzer Deklaratioun ugefaangen, wou sech Éisträich a Preisen géint dat revolutionäert Frankräich zesummegedoen hunn. No an no hu sech och aner europäesch Länner ugeschloss. Als éischt Piemont-Sardinien an nodeem de Kinnek gekäppt gi war och Groussbritannien, Spuenien, Holland an Neapel. Frankräich huet op d'Bedreeung vu Bausse mat de Mëttele vun der Levée en masse geäntwert, mat Terror a Frankräich selwer a mat neien Techniken an Taktike vun der Arméi. De Fransousen ass et mat hirer gréisstendeels erfollegräicher Krichsféierung gelongen, d'Géigner no an no duerch Friddenstraitéen aus dem Verkéier ze zéien. 1795 am Fridde vu Basel waren dat Preisen a Spuenien. 1797 gouf Sardinien-Piemont wärend dem Italiefeldzuch sou an den Eck gedréckt, datt et huet missen en Traité ënnerschreiwen. Kuerz Zäit méi spéit huet de Fridde vu Campo Formio den Éischte Koalitiounskrich tëscht Frankräich an Éisträich op en Enn bruecht. Groussbritannie war déi eenzeg europäesch Muecht déi elo nach mat Frankräich am Krich war.

Schluecht vun Abukir vum Luny Thomas

Déi zweet Koalitioun (1799-1802) (Groussbritannien, Éisträich, Osmanescht Räich, Portugal, Neapel a Kierchestaat géint Frankräich) war nees eng Victoire fir Frankräich. Preisen ënner sengem neie Kinnek Friedrich Wilhelm III. ass an dësem Konflikt neutral bliwwen. Den Napoleon Bonaparte war a Frankräich zanter 1799 un der Muecht. Et ass him awer net gelongen, Groussbritannien direkt unzegräifen. Dofir huet hie versicht, eng duebel Menace vis-à-vis vum Vereenegte Kinnekräich opzebauen: hien ass am Summer 1798 an Egypten amarschéiert an huet eng Expeditiounsarméi an Irland geschéckt. Déi franséisch Flott gouf awer vum Horatio Nelson den 1. August an der Schluecht um Nil bei Abukir geschloen, an och an Irland war séier nees Rou. Den Napoleon ass aus Egypte geflücht. Verschidde Schluechten an der Schwäiz (Besetzung vun Zürich a Verdreiwung vum Suworow iwwer de Panixerpass 1799) an an Italie goufe vun der Koalitioun gewonnen, mä Russland huet sech nees zeréckgezunn; d'brittesch Handlungsméiglechkeete waren opgebraucht, an d'Éisträicher stoungen dem Napoleon bei der Schluecht vu Marengo de 14. Juni 1800 an an der Schluecht vun Hohenlinden den 3. Dezember eleng géintiwwer; den 9. Februar 1801 gouf de Fridde vu Lunéville tëscht Éisträich a Frankräich ënnerschriwwen.

De Fridde vun Amiens (1802) huet och fir d'Britten d'Enn vun der zweeter Koalitioun bruecht, mä d'Kampfhandlungen tëscht Frankräich a Groussbritannien hunn den 18. Mee 1803 nees ugefaangen: Amplaz d'Restauration vun der franséischer Monarchie nees erbäizeféieren, stoung elo virun allem de Kampf géint den Napoleon op éischter Plaz.

De Bonaparte huet den 28. Mee Frankräich zum Keeserräich deklaréiert, a sech den 2. Dezember 1804 zu Paräis selwer zum Keeser gekréint.

Napoleonesch Kricher (1805-1812)[änneren | Quelltext änneren]

William Turner, The Battle of Trafalgar

Déi drëtt Koalitioun géint Frankräich (Éisträich, Groussbritannien, Russland a Schweden) gouf et zanter 1805.

Op franséischer Säit gouf de Plang entwéckelt, an England anzemarschéieren. Invasiounstruppe vun 150.000 Mann goufe bei Boulogne versammelt. De Pierre de Villeneuve huet déi vereenegt franséisch-spuenesch Flott op Cádiz bruecht, an ass du mat senger Flott den 19. Oktober Richtung Neapel gefuer. Bei der Schluecht vun Trafalgar den 21. Oktober gouf hie vum Horatio Nelson geschloen a gefaange geholl. Groussbritannien huet sech domat eng quasi onageschränkte Séiherrschaft geséchert, déi et bis zum Enn vun de Koalitiounskricher och net méi verléiere sollt.

Den 11. Abrëll 1805 hate Groussbritannien a Russland en Traité ënnerschriwwen, fir Holland an d'Schwäiz ze befreien. Schweden huet sech hinnen ugeschloss. Éisträich ass dëser Allianz den 9. August bäigetrueden, nodeem Genua annektéiert gi war, an den Napoleon zum Kinnek vun Italien ausgeruff gi war. D'Kinnekräich Neapel huet d'Allianz géint den Napoleon ënnerstëtzt, wärend Preisen neutral bleiwe wollt.

Am August huet Frankräich vun Éisträich verlaangt, seng Garnisounen aus Tiroul a Venetien ofzezéien, wat de Keeser zu Wien de 27. August ofgeleent huet. Den Napoleon Bonaparte ass eng Allianz mat Spuenien an de süddäitschen Herrscher agaangen (mam Bayern - Traité vu Bogenhausen de 25. August, mat Baden de 5. September mam Traité vu Baden-Baden, mat Württemberg duerch den Traité vu Ludwigsburg de 5. Oktober). D'franséisch Arméi ass am spéiden August vu Boulogne an Däitschland gezunn, an d'Haaptarméi ass de 25. September iwwer de Rhäin marschéiert.

D'Schluecht vun Austerlitz vum Louis-François Lejeune

Den 8. September 1805 waren éisträichesch Truppen ënner dem Karl Mack vu Leiberich a Bayern agefall, déi den Optrag haten, bis un d'Iller ze kommen. Den 23. September huet Frankräich Éisträich de Krich erkläert. Bei verschiddene Gefechter am Groussraum vun Ulm (8. Oktober - 20. Oktober) konnten d'Fransouse sech géint eng Ronn 70.000 Éisträicher behapten. D'franséisch Arméi huet sech weider op de Wee Richtung Wien gemaach. D'Schluecht vun Austerlitz (déi soug. Dräikeeserschluecht) den 2. Dezember war eng weider schwéier Néierlag fir d'russesch an éisträichesch Arméi. De Verléierer gouf de Fridde vu Pressburg opgezwongen.

Déi véiert Koalitioun aus Preisen, dem Kurfürstentum Sachsen a Russland géint Frankräich gouf et vun 1806 bis 1807.

Dat partikularistescht Däitschland, de Rhäinbond an d'Hansestied waren neutral. Preisen huet eleng de Krich erkläert. Dësen huet an der Schluecht vu Jena an Auerstedt de 14. Oktober 1806 zu enger schwéierer Néierlag gefouert. De 27. Oktober ass den Napoleon a Berlin amarschéiert.

Bei der Schluecht vun Eylau (7.- 8. Februar 1807) huet sech den Napoleon géint d'Russe misse geschloe ginn, mä de 14. Juni goung d'Schluecht vu Friedland nees zu senge Gonschten aus. De russeschen Zar Alexander I. an den Napoleon hunn de 7. Juli 1807 de Fridde vun Tilsit ënnerschriwwen, an zwéin Deeg méi spéit gouf och en Traité mat Preisen ënnerschriwwen, deen de Charakter vun engem Diktatfridden hat. Den Erfurter Kongress 1808 huet zu enger Eenegung tëscht dem Napoleon an dem Zar Alexander I. gefouert, déi besot huet, datt Russland Drock op Schweden géif maachen, fir sech e kontinentale Länner unzeschléissen. Dëst huet zum Finnesche Krich an der Deelung vu Schweden um Bottnesche Golf gefouert. Den ëstlechen Deel gouf d'russescht Groussfürstentum Finnland.

Déi fënneft Koalitioun géint Frankräich gouf 1809 tëscht Groussbritannien an Éisträich geschloss.

D'Brite konnten nëmme kleng Victoirë fir sech verbuchen, besonnesch an de franséische Kolonien. Eng Séischluecht bei Kopenhagen den 2. September 1807 gouf gewonnen. D'Walcheren-Expeditioun 1809 war awer en Echec. De Krich mat Frankräich gouf vun elo un als Wirtschaftsblockad bedriwwen. D'Séiweeër zum Kontinent goufen ofgeschnidden.

Wärend den Napoleon a Spuenie gekämpft huet, huet Éisträich 1809 Virbereedunge getraff, d'Fransousen a Bayern unzegräifen. Am Abrëll 1809 ass d'éisträichesch Arméi ënner dem Äerzherzog Karl vun Éisträich a Bayern agefall. Den I. Corps (Feldmarschall Grof Bellegarde) an II. Corps (Generolfeldzuchmeeschter Grof vu Kolowrat) vun der éisträichescher Arméi sinn nërdlech vun der Donau géint Regensburg virgeréckelt. Den Haaptdeel vun der éisträichescher Arméi, d'Corpsen III (Feldmarschalllieutenant Prënz Hohenzollern-Hechingen), IV (Feldmarschall Orsini-Rosenberg), V (Feldmarschall-Läitnant Äerzherzog Ludwig), VI (Feldmarschall-Lieutenant Fräihär vun Hiller) an d'Reservecorpsen I (Feldmarschall Fürst vu Liechtenstein) an II (Feldmarschall-Lieutenant Fräihäer vu Kienmayer) sinn den 10. Abrëll 1809 iwwer den Inn gaangen, a si weider Richtung Isar no vir geréckelt. Den Äerzherzog Karl wollt den 3. franséische Corps vum Davout südlech vu Regensburg klappen, fir ze verhënneren, datt hie sech mam Rescht vun der napoleonescher "Rhäinbondarméi" bei Donauwörth vereenege konnt. Bei Donauwörth stoung den 8. (württembergesche) Corps ënner dem Vandamme, bei Augsburg stoungen déi franséisch Corpse vum Masséna (4.) an Oudinot (2.) an de 7. bayeresche Corps ënner dem Lefebvre stoung tëscht Donau an Isar.

Den Äerzherzog Karl vun Éisträich bei der Schluecht vun Essling

Den Napoleon war aus Spuenien, iwwer Paräis no Bayern gefuer, an ass de 16. Abrëll 1809 zu Donauwörth ukomm. Den ieweschte Uerder a Spuenien krut de Marschall Soult. Den Napoleon huet säi Stabschef, de Marschall Berthier, vum ieweschte Kommando vu Bayern ofgeléist, an huet selwer d'Initiativ ergraff. Doduerch datt Uerdere vum Berthier falsch eriwwerbruecht goufen, stoung dem Davout säi Corps nach ëmmer isoléiert südlech vu Regensburg.

De 16. Abrëll 1809 ass d'éisträichesch Arméi iwwer d'Isar komm. De 4. Corps war zu Dingolfing stationéiert, de 6. Corps zu Moosburg op der Isar an den Haaptdeel zu Landshut. Zu Landshut koum et zu engem Gefecht tëscht der bayerescher Divisioun vum Deroy an den Éisträicher. Den Deroy huet sech zeréckgezunn, an d'Éisträicher konnten iwwer de Floss. Den Äerzherzog Karl ass elo no Norde marschéiert, iwwer Rohr a Schierling op Regensburg. Den Napoleon huet senger Arméi den Uerder ginn, sech zu Abensberg ze sammelen. Och den Davout ass elo aus der Géigend vu Regensburg Richtung Abensberg zeréckgeréckelt. Den 19. Abrëll 1809 ass de franséische Marschall Lannes am bayeresche Vohburg ukomm a krut de Kommando iwwer e "provisoresche" Corps.

Den Napoleon ass elo mat de Corpsë vum Lefebvre, Vandamme a Lannes op Abensberg virgeréckelt. Aus dem Süde koum de Corps vum Oudinot dobäi an op der Isar sinn d'Corpse vum Masséna vu Freising op Landshut gezunn, fir den Éisträicher de Réckzuch ofzeschneiden. Den éisträicheschen Äerzherzog Karl vun Éisträich ass virsichteg vun Norde Richtung Donau gaangen, fir den 3. Corps vum Davout ze fannen. Bei den Dierfer Teugn-Hausen tëscht Schierling an Abensberg ass den 19. Abrëll 1809 den 3. éisträichesche Corps ënner dem Hohenzollern op de Corps vum Davout getraff. Den Davout konnt als Gewënner aus der Schluecht vun Teugn-Hausen erausgoen, an de Virmarsch vun den Éisträicher stoppen. De selwechten Dag hunn och d'bayeresch Truppen ënner dem Krounprënz Ludwig e Gefecht bei Arnhofen gewonnen. D'Éisträicher ware gebremst.

Den 20. Abrëll 1809 huet den Napoleon mat de Corpse vu Lannes, Lefebvre, Vandamme an Oudinot vun Abensberg aus mam Géigenugrëff ugefaangen. Déi éisträichesch Truppe stounge verspreet an den Uertschaften tëscht dem Floss "Große Laber" an Abensberg. Wéi d'napoleonesch Truppe méi no un déi éischt Dierfer komm sinn, hu sech d'Éisträicher Richtung Süden duerch d'Bascht gemaach. Den Éisträicher hu sech op hirem Réckzuch aus den Uertschaften ëmmer méi Truppen ugeschloss. Schliisslech huet sech de ganze lénkse Flillek vun den Éisträicher, tëscht Langquaid an Abensberg no Süden op d'Isar zeréckgezunn. Eréischt zu Rottenburg op der Laaber (nërdlech vu Landshut) konnt den éisträichesche Generol Hiller mat senger Artillerie de Virmarsch vum Napoleon sengen Truppe stoppen. An der Nuecht huet dem Hiller säi Corps Rottenburg verlooss, a sech och op Landshut zeréckgezunn. Ouni schwéier Kämpf gouf an dëser Schluecht vun Abensberg de lénksen éisträichesche Flillek an d'Flucht geschloen. Den 21. Abrëll 1809 huet sech dësen Deel vun der éisträichescher Arméi no enger weiderer Schluecht vu Landshut op den Inn zeréckgezunn.

Den Napoleon huet geduecht, hien hätt déi ganz éisträichesch Arméi an d'Flucht geschloen, mä do hat hie sech geiert. Den Äerzherzog Karl stoung mam rietse Fligel vu senger Arméi, dem Haaptdeel, mam Corps vum Orsini-Rosenberg, Liechtenstein an Hohenzollern tëscht Schierling a Regensburg. Ausserdeem sinn nërdlech vun der Donau d'Corpse vu Bellegarde a Kolowrat ëmmer méi no komm. De Corps Liechtenstein huet den 20. Abrëll 1809 Regensburg besat, wat nëmme vun engem franséische Regiment verdeedegt gouf. Dësem Haaptdeel vun den Éisträicher stoung nëmmen de franséische Corps vum Davout géintiwwer, souwéi weider südwestlech d'Bayern ënner dem Lefebvre. Den Äerzherzog Karl hätt nëmme missen ugräifen, an den Davout wier vun enger Iwwermuecht geklappt ginn. Mä d'Éisträicher hu sech net geréiert. Den Napoleon ass zu Landshut duerch den Davout gewuer ginn, datt sech d'Éisträicher südlech vu Regensburg géifen ophalen.

Den Napoleon ass direkt mat de Corpsë vu Lannes a Masséna no Norden a Richtung Schierling marschéiert. Um Wee op Schierling koum et zu Ergoldsbach a Buchhausen zu Gefechter. D'Verfollgung vun den Éisträicher ënner dem Generol Hiller huet de Marschall Bessières iwwerholl. Schonn den 21. Abrëll 1809 koum et tëscht Thalmassing a Schierling zu Kämpfen tëscht dem Davout an den Éisträicher. Den 22. Abrëll 1809 ass den Napoleon um Schluechtfeld tëscht Eckmühl a Schierling ukomm. D'Éisträicher ënner dem Feldmarschall Orsini-Rosenberg hate staark Artilleriestellungen op den Hiwwelen nordwestlech vun Eggmühl. Eng württembergesch Infanterie huet d'Duerf an d'Schlass Eckmühl eruewert. De Marschall Lannes huet déi lénks éisträichesch Flank zu Weinberg nërdlech vun Eckmühl ugegraff, an d'Éisträicher zum Réckzuch gezwongen. Un der rietser éisträichescher Flank bei Sanding a Laichling war den Davout ganz erfollegräich a konnt d'Éisträicher zeréckdreiwen.

Am Zentrum haten d'Ugrëffer vum Napoleon senger Kavallerie géint d'éisträichesch Batterien, déi op den Hiwwelen tëscht Weinberg a Laichling stoungen, manner Erfolleg. En Uerder vum Napoleon, fir d'Batterië frontal unzegräife, gouf net ausgefouert. Eréischt en Ugrëff vun der bayerescher Kavallerie (Chevaulegers an Dragonerregiment Taxis) ënner dem Generalmajor Seydlitz konnt den éisträicheschen Zentrum schwächen. D'Éisträicher ware geschloen an hu sech op Regensburg zeréckgezunn. An der Schluecht vun Eckmühl goufen d'Éisträicher a Bayern definitiv geklappt. Um Owend vum 22. Abrëll 1809 koum et bei Alteglofsheim nach zu enger Kavallerieschluecht, déi d'Éisträicher op en Neits verluer hunn. Den 23. Abrëll 1809 hunn dem Napoleon seng Truppe Regensburg gestiermt an ageholl. D'Stad ass a Flamen opgaangen; den Napoleon selwer gouf um Bee blesséiert.

D'éisträichesch Arméi war elo um Réckzuch. Dat lescht Gefecht a Bayern gouf de 24. Abrëll 1809 bei Neumarkt an der Uewerpfalz nërdlech vu Regensburg ausgedroen, mat nees enger Néierlag vun den Éisträicher. No der Schluecht beim éisträicheschen Ebelsberg den 3. Mee 1809 si béid Arméien zu Wien ukomm: den Napoleon südlech vun der Donau an den Äerzherzog Karl nërdlech vum Stroum. Den 21. Mee 1809 sinn dem Napoleon seng Truppe südëstlech vu Wien iwwer d'Donau komm. An der Schluecht vun Essling konnten d'Éisträicher de Virmarsch vun de franséischen Truppen den 22. Mee 1809 stoppen, an den Napoleon huet sech nees op déi südlech Säit vun der Donau zeréckgezunn. Hien huet op Verstäerkung gewaart an ass nacheemol iwwer d'Donau an huet den Äerzherzog Karl um Marchfeld nërdlech vu Wien ugegraff. Bei dëser Schluecht vu Wagram (5.6. Juli) konnten d'Fransouse gewannne. De 14. Oktober gouf zu Schönbrunn de Friddensvertrag ënnerschriwwen.

1810 hat d'franséischt Keeserräich seng gréisst Ausdeenung erreecht. Den Napoleon huet sech mat der Marie-Louise bestuet. Nieft dem franséische Räich war den Napoleon Herrscher iwwer d'Schwäizer Eidgenossenschaft, d'Rhäinprovënz an d'Groussherzogtum Warschau. Seng Alliéierte waren d'Kinnekräich Spuenien (Kinnek Joseph Bonaparte), d'Kinnekräich Westfalen (Kinnek Jérôme Bonaparte), d'Kinnekräich Italien (Eugène de Beauharnais, Jong vum Joséphine), d'Kinnekräich Neapel (Joachim Murat, Schwoer) an d'Fürstentum vu Lucca a Piombino (Felix Bacciochi, Schwoer).

 Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Spueniekrich (1807-1814).

De sechste Koalitiounskrich, Russlandfeldzuch a Befreiungskricher (1812–1814)[änneren | Quelltext änneren]

Ënner dem Begrëff sechste Koalitiounskrich (18121814) loosse sech de Russlandfeldzuch an d'Befreiungskricher zesummefaassen, obschonn um Ufank vum Russlandfeldzuch nach net all Koalitiounspartner (Groussbritannien, Russland, Preisen, Schweden, Éisträich a vill däitsch Klengstaaten) als Géigner vu Frankräich bedeelegt waren.

Vëlkerschluecht bei Leipzig

D'Grande Armée, 600.000 Mann (dorënner 270.000 Fransousen), ass den 23. Juni 1812 iwwer d'Memel komm. Déi russesch Truppen hu sech nëmme lues zeréckgezunn, a "verbrannte Buedem" hannerlooss. D'Schluecht vu Borodino de 7. September huet héich Verloschter op béide Säite bruecht, awer keng Entscheedung. De 14. September gouf Moskau ageholl. Grouss Deeler vun der Stad stoungen a Flamen. Den Alexander I. huet refuséiert, Verhandlunge mam Napoleon opzehuelen. Den Napoleon huet sech misse mat senger Arméi zeréckzéien; 275.000 Doudeger an 200.000 Gefaange vun der Grande Armée waren ze bekloen. Am November sinn nëmmen nach 10.000 Zaldote verbliwwen, déi mat héije Verloschter nach iwwer d'Beresina komm sinn. Am Dezember ass den Napoleon zeréck op Paräis gaangen. D'russesch Victoire iwwer d'Fransouse gouf vum Pjotr Iljitsch Tschaikowski an der Ouverture 1812 (Увертюра 1812 года [Ouviertyoura 1812 goda]) kënschtleresch verschafft.

An der Schluecht vu Vitoria den 21. Juni 1813 gouf d'franséisch Muecht iwwer Spuenie gebrach. D'Fransousen hu sech nees missen iwwer d'Pyrenäen zeréckzéien.

Éisträich a Preisen hunn op en Neits an d'Krichshandlungen agegraff. An der Schluecht vu Grossgörschen den 2. Mee an an der Schluecht vu Bautzen (20./21. Mee) sinn der franséischer Arméi kleng Victoiren iwwer déi russesch-preisesch Truppe gelongen. An der Schluecht vu Grossbeeren hunn d'Alliéiert eng Besetzung vu Berlin duerch d'Fransouse verhënnert. An der Vëlkerschluecht vu Leipzig vum 16. bis zum 19. Oktober 1813 (210.000 Fransousen, bis zu 310.000 Alliéierter, iwwer 110.000 Doudeger) konnten d'alliéiert éisträichesch, preisesch, russesch a schweedesch Truppen den Napoleon schloen. Den Napoleon war gezwongen, sech a Frankräich zeréckzezéien. Et koum zum Traité vu Chaumont den 9. Mäerz 1814. Den 31. Mäerz hunn d'alliéiert Truppe Paräis ageholl. Den Napoleon huet de 6. Abrëll ofgedankt. Mam Traité vu Fontainebleau gouf d'Regentschaft vun de Bourbonen nees hiergestallt an den Napoleon op Elba verbannt.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Koalitiounskricher – Biller, Videoen oder Audiodateien