Nasir al-Mulk-Moschee
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
D'Nasīr al-Mulk Mosque (Farsi: مسجد نصیر الملك) - Masjed-e Nasir ol Molk) ass eng traditionnell Moschee zu Shiraz, Iran, op der Goade-e-Araban-Plaz.
Se gouf an der Qājār-Epoch, tëscht 1876 an 1888, op Uerder vum Mirza Hasan Ali Nasir al Molk, engem vun den Herrscher vun der Qajar Dynastie, gebaut.
Architekte waren de Muhammad Hasan-e-Memar an de Muhammad Reza Kashi Paz-e-Shirazi.
An der Façade vun der Moschee ass besonnesch vill faarwegt Glas verschafft, an et sinn och aner traditionnell Design-Elementer ze gesinn, wéi de Panj kāseh-i (fënnef Konkaven).
D'Moschee gouf restauréiert, an se gëtt geschützt an ënnerhale vun enger Fondatioun, der Nasir Al-Molk Endowment Foundation.
[änneren] Gallerie
| Commons: Nasirolmolk mosque – Biller, Videoen oder Audiodateien |