Nasmyth-Teleskop

Vu Wikipedia
De Stralegank am Nasmyth-Teleskop
De 56cm Nasmyth-Cassegrain Telescope am Walter-Hohmann-Observatoire zu Essen, Däitschland

Den Nasmyth-Teleskop ass e Spigelteleskop, dee vum James Nasmyth (18081890) entwéckelt gouf. Säi Stralegank gëtt duerch zwéin Hëllefsspigele verlängert an aus dem Teleskoptubus erausgeleet. Dobäi handelt er sech ëm eng Kombinatioun aus Newton- a Cassegrain-Teleskop.

Wéi beim Cassegrain-Teleskop fält d'Liicht fir d'éischt op e parabolesch geschlaffenen Huelspigel, de Primär- oder Haaptspigel. Dee reflektéiert d'Liicht op e klenge konvexe Sekundärspigel. Allerdéngs huet den Nasmyth-Teleskop kee Lach am Haaptspigel, mä d'Liicht gëtt virdrun duerch een op d'Mëttelachs orientéierte flaache Spigel op d'Deklinatiounsachs ofgeleet an trëtt wéi beim Newton-Reflekter säitlech aus (Nasmythfokus). Optesch ass en identesch mam Cassegrainfokus, duerch den Tertiärspigel allerdéngs säiteverkéiert.

Bei enger azimutaler Montéierung läit de Fokuspunkt op der Héichtenachs an ass domat onofhängeg vun der Teleskopschréiegt, wann d'Schréiegt vum Tertiärspigel mat dem Zenitwénkel vun der Observatioun nogefouert gëtt (kuckt och Coudé-Bauweis). Dofir kann do eng fest Plattform fir den Observateur oder fir schwéier Analysinstrumenter gebaut ginn.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie