National Basketball Association

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
National Basketball Association (NBA)
Sportaart Basketball
Grënnungsjoer 1946
éischt Saison 1946/47
Equippen 30
Land Flag of the United States.svg USA
Flag of Canada.svg Kanada
Rekord-Meeschter Flag of the United States.svg Boston Celtics (17 Titel)
aktuelle Meeschter Flag of the United States.svg San Antonio Spurs (5 Titel)
aktuell Saison 2013/14
Internetsäit NBA.com

D'National Basketball Association (NBA) ass d'Basketball-Profiliga an Nordamerika a gouf am Joer 1946 gegrënnt. Si gëllt als stäerkst a populäerst Basketball-Liga vun der Welt.

Momentan besteet d'NBA aus 30 Mannschaften, vun deenen eng (d'Toronto Raptors) aus Kanada kënnt. Jeeweils 15 Mannschafte spillen an der Western an an der Eastern Conference, déi erëm a jeeweils dräi Divisions ënnerdeelt sinn. De Saisonsgewënner gëtt no enger regulärer Saison, déi sech aus 82 Spiller zesummesetzt, an de Play-offs ausgespillt, woubäi jeeweils déi aacht bescht Equippe vu béide Conferences an dräi Ronnen nom Modus Best of Seven openeentreffen. Den amtéierende Meeschter (2014) ass d'Equipe vun de San Antonio Spurs.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: National Basketball Association – Biller, Videoen oder Audiodateien