National Optical Astronomy Observatory
D’National Optical Astronomy Observatory (NOAO) ass déi US-amerikanesch ëffentlech Institutioun zum Betrib vu buedemgebonne Observatoiren am opteschen an Noinfraroutberäich fir déi owendlech Astronomie. NOAO gëtt mat Mëttelen vun der National Science Foundation vun der Association of Universities for Research in Astronomy (AURA) bedriwwen.
NOAO schafft mat Teleskope am Kitt Peak National Observatory an ass am Cerro Tololo Inter-American Observatory an dem Gemini-Observatoire bedeelegt.
NOAO ass den Haaptzougank vu villen US-Astronomen zu groussen Teleskopen a steet alle Berufsastronomen fir Observatiounsundréi op. Doniewent gëtt et an den USA traditionell eng dominéierend Roll privater Observatoiren mat ageschränktem Zougank, wéi zum Beispill dem Keck-Observatoire.