National Security Agency

Vu Wikipedia
"NSA" ass eng Viruleedung op dës Säit. Fir aner Bedeitungen, kuckt wgl.: NSA (Homonymie).
Wope vun der NSA
Haaptquartéier a Maryland

D'National Security Agency, ofgekierzt NSA, ass dee gréissten Auslandsgeheimdéngscht vun den USA. Si ass fir déi weltwäit Iwwerwaachung, Entschlësselung an Auswäertung vun elektronescher Kommunikatioun zoustänneg, grad wéi fir de Schutz vun den Informatiounssystemer vun der eegener US-Regierung, an an där Funktioun Deel vun der Intelligence Community.

Si gouf 1952 vum President Truman gegrënnt fir déi net ganz effikass kryptologesch Virgängerorganisatioun Armed Forces Security Agency z'ersetzen. Mëttlerweil huet se ronn 40.000 Mataarbechter an e geschate Budget vun 10,8 Millarden US-Dollar. Hiren Haaptbüro ass zu Fort Meade a Maryland, an hire gréisste Rechenzentrum Utah Data Center steet (deemnächst) zu Bluffdale am Utah, wou praktesch d'Telefons- an Internetkommunikatioun vun der ganzer Äerd op onbestëmmt Zäit gespäichert soll ginn.

Absënns a Kritik geroden ass d'NSA, wéi 2013 duerch d'Revelatioune vun hirem fréiere Mataarbechter Edward Snowden bewise gouf, datt si net nëmmen a géigneresche mee och an alliéierte Staate Wirtschaftsspionage, d'Iwwerwaachung vu politesche Féierungspersounen an d'Oflauschtere vun der kompletter Telefons- an Internetkommunikatioun vun allen eenzelen normale Bierger bedreift.

Si gebraucht dofir Programmer wéi:

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: National Security Agency – Biller, Videoen oder Audiodateien