Nationale Militärgeschichtsmusée
Den Nationale Militärgeschichtsmusée ass e Musée zu Dikrech, deen als Haaptthema d'Ardennenoffensiv huet.
Am September 1984 huet e seng Paarten ënner dem Numm "Dikrecher Geschichtsmusée" opgemaach.
Inhaltsverzeechnes |
Den Inhalt [änneren]
- De Musée zu Dikrech presentéiert op eng neutral Manéier d'Militäroperatioune vun der Ardennenoffensiv am Wanter 1944-45. Eng Rei vun Dioramaen a Liewensgréisst, thematesch Ausstellungen, Waffesammlungen, Uniformen, militäresch Gefierer an Ausrëschtunge vun all Zort, original Fotoen a perséinlech Géigestänn vun Zaldoten erzielen ganz konkret vum militäreschen Aspekt hier d'Geschicht vum 2. Weltkrich zu Lëtzebuerg.
- Zënter 1993 gëtt an engem 2. Deel d'Geschicht vun der lëtzebuerger Arméi, vun 1881 un, behandelt. De Schwéierpunkt läit dobäi op den Zukunftsperspektive vun der Arméi am Kader vun hiren Engagementer an der NATO, der UNO an an der Europäescher Unioun.
- En 3. Aspekt dee behandelt gëtt ass d'Undenken un d'Anciens Combatants Luxembourgois aus dem 1. an 2. Weltkrich an aus dem Koreakrich.
- E Centre de Recherche et de Documentation an e pedagogesche Service ronnen d'Offer vum Musée of.
Wéini op ass [änneren]
- Vum 1. Januar bis 31. März : vu 14:00 bis 18:00 Auer
- Vum 1. Abrëll bis 1. November: vun 10:00 bis 18:00 Auer
- Vum 2. November bis 31. Dezember: vu 14.00 bis 18.00 Auer
Kuckt och [änneren]
- Muséeën am Zesummenhang mam Krich, zu Lëtzebuerg:
Nationale Resistenzmusée zu Esch-Uelzecht · Nationale Militärgeschichtsmusée zu Dikkrech · Deportatiounsmemorial zu Hollerech · Regionalmusée vun den Zwangsrekrutéierten zu Diddeleng · 385th Bomb Group-Musée zu Pärel · Musée Patton zu Ettelbréck · Krichsmusée Klierf
Monument de la déportation civile et militaire zu Hollerech · Hinzerter Kräiz an der Stad · Monument vun der nationaler Solidaritéit an der Stad·Nationaalt Streikmonument zu Wolz · Pafemillen Monument fir déi deportéiert Judden · Amerikaneschen Zaldotekierfecht zu Hamm · Däitschen Zaldotekierfecht zu Sandweiler · Monument aux morts Kapellen · Lancaster Memorial zu Wäisswampech
- Aner Institutiounen am Zesummenhang mam Krich, zu Lëtzebuerg:
Centre de documentation et de recherche sur l'enrôlement forcé · Centre de documentation et de recherche sur la Résistance
- Am noen Ausland:
Commemoratiounsplaz Hinzert · KZ-Niewelager Thil · Mardasson Baaschtnech · Bastogne Historical Center · Halifax-Monument zu Neundorf
Um Spaweck [änneren]
-
US - Feldlazarett
-
US - Flak
-
Courrier mat Panzerfauscht
| Commons: National Museum of Military History (Luxembourg) – Biller, Videoen oder Audiodateien |