Musée national de la résistance et des droits humains

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Nationale Resistenzmusée)
Musée national de la résistance et des droits humains
Land Lëtzebuerg
Gemeng Esch-Uelzecht
Koordinaten 49°29'32,64"N, 5°58'33,60"O
Datum vum Bau 1956

De Musée national de la résistance et des droits humains (bis Abrëll 2022: Nationale Resistenzmusée (Musée national de la résistance) ass e Musée zu Esch-Uelzecht, deen iwwer Lëtzebuerg am Zweete Weltkrich, absënns iwwer d'Resistenz géint d'däitsch Besatzung, informéiert. No enger Renovéierung a Vergréisserung ass de Musée zanter Abrëll 2022 ënner dem neien Numm deelweis erëm op.[1]

Geschicht vum Musée[änneren | Quelltext änneren]

Direkt nom Krich huet d'lokal Sektioun vun der Ligue Luxembourgeoise des Prisonniers et Déportés Politiques (LPPD) d'Initiativ geholl d'Erënnerung un déi schwéier Zäiten net an der Vergiess geroden ze loossen. Eng Spezialkommissioun, ënner der Presidence vum Ed Barbel, a mat Vertrieder vun der Escher Gemeng, Resistenz- a Gewerkschaftsorganisatioune gouf op d'Bee gestallt, déi iwwer eng ëffentlech Souscriptioun déi néideg Sue gesammelt, d'Konzept vum Musée ausgeschafft an d'Ausstellungsstécker zesummegestallt huet.

Den 22. Juli 1956 gouf d'Monument aux Morts an de Resistenzmusée op der Brillplaz zu Esch ageweit. D'Pläng ware vun den Architekte Nicolas Schmit-Noesen a Laurent Schmit. Vun deem Joer un bis an d'1980er, gouf de Musée vun der lokaler LPPD Sektioun geréiert.

Um Muséesparvis stinn Relieffe vun de Sculpteuren Claus Cito, Émile Hulten a Charles Kohl. Kënschtler, déi selwer Resistenzler waren oder deportéiert waren, hunn Originalkonschtwierker bäigesteiert: de Foni Tissen eng Fresk, de Lucien Wercollier eng Fassung vum Le prisonnier politique an de René Weyland eng Skulptur.

Lénks a riets virun der Entrée sti Bléck mat Relieffe vun de Sculpteuren Claus Cito, Émile Hulten a Charles Kohl. Artisten, déi selwer Resistenzler waren oder deportéiert waren, hunn Originalkonschtwierker bäigesteiert: de Foni Tissen eng Fresk, de Lucien Wercollier eng Fassong vum Le prisonnier politique an de René Weyland eng Skulptur.

Le prisonnier politique vum Lucien Wercollier

1984 huet den deemolege Kulturminister Robert Krieps de Musée renovéieren an d'Ausstellung iwwerschaffe gelooss. De Resistenzmusée ass 1987 nees opgemaach ginn. Dobäi huet en, duerch ministeriellen Arrêté, den Attribut "national" kritt. D'Brillplaz, nieft där de Musée steet, gouf kuerz duerno a Resistenzplaz ëmbenannt.

Zanter Januar 2008 gëtt de Musée, deen der Stad Esch-Uelzecht an dem Kulturministère ënnersteet, vum Frank Schroeder, engem fréiere Lycéesprofesser, als Direkter geleet.

Am September 2013 huet d'Kulturministesch Octavie Modert eng Aarbechtsgrupp ernannt, déi e raimlecht an inhaltlecht Konzept fir en erneierten a vergréisserte Musée soll ausschaffen. Am Januar 2015 gouf dat Dokument der neier Kulturministesch Maggy Nagel virgestallt.

De Vergréisserungs- an Erneierungsprojet gëtt vun der Stad Esch, dem Staat an der Œuvre nationale de secours grande-duchesse Charlotte gedroen. Den 10. Mäerz 2017 gouf de Projet vum Architekteburo Jim Clemes an de Museographieprojet vun NJoy am Gemengerot zu Esch ugeholl, knapps 2 Woche méi spéit och vum Regierungsrot. 2017 gouf d'Fondation Musée national de la Résistance gegrënnt, déi den Träger vum Musée ass. Am Abrëll 2018 gouf den ale Musée zougemaach. Ee Mount méi spéit ass den Iwwergangsmusée am Gebai vum ale Friddensgeriicht opgaangen. De Schantjen huet am November 2018 ugefaangen.

2021 ass d'Administratioun an d'nei Muséesannex am 136, rue de l'Alzette geplënnert.

Am Kader vun der Europäescher Kulturhaaptstad Esch2022, ass de neie Musée am Abrëll 2022 mat enger grousser Konschtausstellung nees opgaangen: Frans Masereel - Idée de Paix. Vu September bis Dezember 2022, gëtt déi zweet Ausstellung Ecce Homo am Musée presentéiert.

Wann d'Ausbau- a Renovatiounsaarbechten 2023 fäerdeg sinn, huet den neie Musée eng Surface vun 870 m² an ass domat iwwer dräimol sou grouss wéi deen alen. 2023 wäert déi nei Dauerausstellung opgoen.

Ausstellungen[änneren | Quelltext änneren]

Zanter September 2009 ginn am Musée Wiesselausstellunge gewisen. Ongeféier all 6 Méint gëtt eng nei Ausstellung virgestallt (Auswiel):

  • Lebensbilder, mat Uelegbiller vun der Madeleine Weis-Bauler, enger fréierer Resistenzlerin a politesch Déportéierter, vum 4. September 2009 bis den 3. Oktober 2009.
  • Spott dem Naziregime - Karikaturen in Luxemburg vor, wärend und nach dem Krieg, déi éischt Ausstellung déi vum Musée selwer gemaach gouf, vum 4. Juni 2010 bis de 5. September 2010
  • Témoins / Zeugen, mat Fotoe vum lëtzebuergesche Kënschtler Tom Hermes, deen Zäitzeie portraitéiert huet, vum 28. Januar 2011 bis den 1. Mee 2011.
  • Kunst/KZ - Art/camps mat Wierker vun de Kënschtler Yvonne Useldinger, Lily Unden, Lucien Wercollier, Edmond Goergen a Foni Tissen, vum 6. Mee 2011 bis de 16. Oktober 2011
  • Peuple européen, peuple étranger - Le Luxembourg et les Roms, mat Fotoe vum Patrick Galbats, vum 10. Februar 2012 bis de 6. Juni 2012.
  • Between Shade and Darkness - Le sort des Juifs du Luxembourg de 1940 à 1945, vum 29. Mee bis 24. November 2013
  • Nelson Mandela - From Prisoner to President, eng international Wanderausstellung vum Apartheidmusée vu Johannesburg, vu Mee bis Oktober 2014.
  • Traqué, caché - 4 mois au Bunker Eisekaul, déi vun Oktober 2014 bis Mee 2015 gläichzäiteg am Resistenzmusée an am Musée national des mines zu Remleng gewise gë
  • Lesbisch, jüdisch, schwul, eng Ausstellung déi a Zesummenaarbecht mam Schwules Museum a Rosa Lëtzebuerg asbl entstanen ass, vum 4. Juli bis 1. Oktober 2017.
  • Albert Kaiser: Memento 1940 – 1945, mat 80 Linolschnëtter vum Escher Kënschtler, vum 13. Januar bis 15. Abrëll 2018.
  • Between Shade and Darkness – Schicksalswege der Juden Luxemburgs zwischen 1940 und 1945, eng aktualiséiert an international Versioun vun der originaler Ausstellung vun 2013 déi an der Topographie des Terrors zu Berlin (dem eemolege Sëtz vum Reichssicherheitshauptamt) ausgestallt gouf, vum 15. Juli bis 13. Oktober 2020.
  • Frans Masereel – Idée de paix/Idee des Friedens/Idea of peace, eng Konschtausstellung déi am Kader vun der Europäescher Kulturhaaptstad Esch2022 zesumme mam K8 Insitut für strategische Ästhetik an der Frans Masereel Stfitung Saarbrücken konzipéiert gouf, mat Gravuren, Zeechnungen an Aquarelle vum belschen Expressionist a Pazifist Frans Masereel, vum 1. Abrëll bis 14. August 2022.
  • Ecce Homo, eng Konschtausstellung déi am Kader vun der Europäescher Kulturhaaptstad Esch2022 organiséiert gouf, mat Skultpuren a Biller vum kontemporäre Kënschtler Bruce Clarke, vum 3. September bis 30. Dezember 2022.
  • Victimes oubliées, gëtt am Fréijoer 2023 ausgestallt.

De Musée[änneren | Quelltext änneren]

Eng nei Annex op 136, rue de l'Alzette, déi un d'Haaptgebai vum Musée gebonnen ass, besteet aus:

  • Rez-de-chaussée an 1. Stack wou d'Daueraustellung installéiert gëtt.
  • E sous-sol fir Wiesselaustellungen.
  • 2. bis 4. Stack wou d'Administratioun sëtzt.

Mat der Vergréisserung vum ale Muséesgebai kritt en:

  • 580 m² fir d'Dauerausstellung,
  • 130m² fir Wiesselausstellungen,
  • 40 m² fir Atelieren,
  • 120 m² fir den Accueil.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

  • Muséeën am Zesummenhang mam Krich, zu Lëtzebuerg:
Nationale Resistenzmusée zu Esch-Uelzecht · Nationale Militärgeschichtsmusée zu Dikkrech · Deportatiounsmemorial zu Hollerech · Regionalmusée vun den Zwangsrekrutéierten zu Diddeleng · 385th Bomb Group-Musée zu Pärel · Musée Patton zu Ettelbréck · Krichsmusée Klierf
Monument de la déportation civile et militaire zu Hollerech · Hinzerter Kräiz an der Stad · Nationalmonument vun der Lëtzebuerger Solidaritéit an der Stad·Nationaalt Streikmonument zu Wolz · Pafemillen Monument fir déi deportéiert Judden · Amerikaneschen Zaldotekierfecht zu Hamm · Däitschen Zaldotekierfecht zu Sandweiler · Monument aux morts Capellen · Lancaster Memorial zu Wäiswampech
  • Aner Institutiounen am Zesummenhang mam Krich, zu Lëtzebuerg:
Centre de documentation et de recherche sur l'enrôlement forcé · Centre de documentation et de recherche sur la Résistance
  • Am noen Ausland:
Commemoratiounsplaz Hinzert · KZ-Niewelager Thil · Mardasson Baaschtnech · Bastogne Historical Center · Halifax-Monument zu Neundorf

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Bernard Thomas, Bruchstellen - Chronik des Escher Resistenzmuseums ; in: forum, Nr. 299 (September 2010), Ss. 12-18 (ill., Bibliographie).
  • Musée national de la Résistance, "Luxemburg im 2. Weltkrieg" ISBN 2-9599670-1-1 (Muséeskatalog)

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Musée national de la résistance et des droits humains – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. "Aus Resistenzmusée gëtt Musée national de la Résistance et des Droits humains." rtl.lu; 14.10.2021.