Nationalmonument vun der Onofhängegkeet

Vu Wikipedia
Nationalmonument vun der Onofhängegkeet
Typ geographeschen Objet,
Monument
Land Lëtzebuerg
Gemeng Miersch
Adress Rue Quatre-Vents, Miersch
Koordinaten 49°44'34,692"N, 6°5'16,296"O
Ageweit 7. Juni 1959

D'Nationalmonument vun der Onofhängegkeet, offiziell Monument national de l'indépendance, ass e Monument dat 1939, zur 100-Joer Feier vun der Onofhängegkeet vum Lëtzebuerger Land op engem Hiwwel um Flouer op Sannert, südwestlech vu Miersch opgeriicht gouf, deen zanterhier Krounebierg genannt gëtt.

Et gouf den 11. Januar 2024 als nationale Kulturpatrimoine klasséiert.[1]

Plaz vum Monument[änneren | Quelltext änneren]

D'Monument steet um Krounebierg, 150 m westsüdwestlech vum Mierscher Camping an 200 m westlech vun der Mierscher Schwämm[2] ewech. Vun der Mierscher Gare aus kann een an enger hallwer Stonn zu Fouss laanscht d'Uelzecht duerch de Mierscher Park trëppelen. Et ass e Parking direkt virum Monument. Vum Monument aus huet een eng schéi Vue op Miersch an Ëmgéigend.

D'Plaz gouf ausgewielt well si no um geographesche Mëttelpunkt vum Lëtzebuerger Land läit[3].

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

D'Monument vun 1939.
Iwwerrescht vum ale Monument.

Dat éischt Fräiheetsmonument huet aus enger héijer, zylindrescher Sail bestanen, op där eng grouss gëlle Kroun souz. Et gouf no de Pläng vum lëtzebuergeschen Architekt an Urbanist Henri Luja gebaut. D'Iddi war vum deemolege Buergermeeschter Ed Kraus ausgaangen, de Käschtepunkt louch bei 120.000 Frang. Et waren nach eng sëlleg Elementer op der Sail, dorënner Dekoratioune vum Stater Konschtschmadd Michel Haagen: 4 Wopen aus Bronze, eng Kroun, 4 Bänner aus Eecheblieder an eng bronze Plack mat dësem Text vum Mierscher Dichter Nik Welter:

1839 - 1939

AM HERZ VUM LAND
HUET D'HERZ VUM VOLLEK DECH ERRÎCHT
DU HUES A SONN A WAND
OP HE'GEM TRO'N
EIS FREIHETSKRO'N
AN D'LÎCHT.
DRO S'ÖNNER GOTTES HAND
ALL SPE'DER ZEITEN DURCH
ALS BIRGSCHÂFT FIR EIS LE'WT, ALS LO'N
AN ÖNNERPAND
FIR EISE GLAW UN DAUER A BESTAND
VUM SCHE'NEN, FRIDDLECH FREIE
LETZEBURG!

D'Monument gouf wéinst den onséchere politesche Verhältnesser kuerz virum Zweete Weltkrich ni ageweit. Den November 1940 gouf d'Monument vun den Nazi-Okkupanten ofgerappt. Ee Stéck vun der Sail ass deen eenzegen Iwwerrescht vun dësem éischte Monument, et steet haut um Parking virum haitege Monument.

Nom Enn vum Krich krut d'Mierscher Gemeng eng finanziell Entschiedegung fir d'Monument. Mat den zousätzleche Revenue vun enger Spendesammlung huet de Mierscher Gemengerot den Neibau vum Monument decidéiert, déi Kéier a Form vun engem Obelisk.

1957 gouf d'Monument nei ugeluecht no engem Konzept vum Henri Luja sengem Bouf, Paul Luja.

Déi grouss Plack mam Text vum Nik Welter an déi véier bronze Wopen, déi virun den Nazie konnte gerett ginn, goufen an de Sockel vum neie Monument agebaut. Dobäi koum eng nei bronze Plack op der viischter (südlecher) Säit vum Sockel mat follgendem Text vum Reckener Dichter Albert Elsen:

WAT 1940
ZU HIRER SCHAN
BARBAREN
EMGERASS,
HUN 1957
EIS LE'WT AN TREI
ME' SCHE'N REM
OPGERÎCHT.
DE BIERG BEHITT

AN DE'WEM FRIDD
EIS FREIHÉTSKRO'N
AM HÈRZ VUM LETZEBURGER LAND.
DRÊT EIS GEFOR
LÎCHT SIE REM KLOR
VUM HE'GEN TRON
AN D'SE'L VU JIDDER HÉMECHTSKAND.

Dat neit Monument gouf de 7. Juni 1959 a Presenz vun de Ministere Pierre Grégoire[4] a Robert Schaffner a vum Dechen Dr. Paul Kayser ageweit.

Am Mee 2009 gouf d'Nationalmonument vun der Onofhängegkeet fir d'lescht restauréiert[5], nodeem de Blëtz[6] Deeler vun der Sail beschiedegt hat.

Déi véier original Wopen um Monument[änneren | Quelltext änneren]

D'bronze Placken[änneren | Quelltext änneren]

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Luja, Henri, 1939: Monument National de l'Indépendance, Festschrift zur Kantonal-Jahrhundertfeier der Unabhängigkeit Luxemburgs zu Mersch am 23. Juli 1939: 16-17. Mersch.
  • Lang, Ben: Der Obelisk vom "Krounebierg" - Reise zum Mittelpunkt des Landes, am Luxemburger Wort vum 9. November 2015, S.15

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Nationalmonument vun der Onofhängegkeet – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. Institut national pour le patrimoine architectural: Liste des immeubles et objets bénéficiant d'une protection nationale. (Lescht Versioun vum 27. Februar 2024).
  2. Krounebierg heescht och den neien Aquazenter vu Miersch mat Schwämm a Wellnessberäich, cf. d'Websäit vum Aquazenter op www.krounebierg.lu
  3. Den eigentleche Mëttelpunkt vum Land no der Schwéierpunktmethod läit am Naturschutzgebitt Pëttenerbësch, am Nordweste vu Pëtten. Kuckt duerzou Geographeschen Zentrum vu Lëtzebuerg. Well déi Plaz sech fir sou en imposant Monument net gëeegent war, ass den Hiwwel ausgewielt ginn, deen haut Krounebierg heescht.
  4. Den deemolege Kulturminister (oder méi richteg Wëssenschafts- a Konschtminister) Pierre Grégoire war net richteg informéiert an huet gemengt, et wier e Monument zu Éiere vu Lëtzebuerger, déi fir d'Heemecht gefale waren, entspriechend Zitater hat hien a senger Ried agebaut.
  5. Knapps zwéi Méint drop sinn d'Deckele vun der Beliichtung schonn opgeschloen an d'Biere geklaut ginn.
  6. Um Bild uewe sinn déi nei Blëtzofleeder ze gesinn.