Nationalstrooss 1B

Vu Wikipedia
Nationalstrooss 1B
Déi fréier N1B a Clausen, vun der N1A aus gekuckt
Verbindung N1 - N1A
Gestioun Administration des ponts et chaussées
Ufank Clausen,
Nationalstrooss 1
Koordinaten 49°36'48,92"N, 6°8'36,06"O
Enn Clausen,
Nationalstrooss 1A
Koordinaten 49°36'46,44"N, 6°8'38,72"O
duerch Lëtzebuerg
Opgaangen 22. Dezember 1995
Deklasséiert 15. Dezember 2021
Längt 95 m
Vitesslimitatioun 30 km/h, 50 km/h
Informatiounen a Websäiten
P & Ch Beschreiwung vum Stroossennetz
Fandom Nationalstrooss 1B

D'Nationalstrooss 1B oder N1B war bis Enn 2021 eng lëtzebuergesch Nationalstrooss um Gebitt vun der Stad Lëtzebuerg. Mat enger Längt vu 95 Meter war et eng vun de kierzten Nationalstroossen.

Si hat hiren Ufank a Clausen op der N1 bei der Place Émile-Mousel, um lénksen Uwänner vun der Uelzecht. Vun do aus ass s'iwwer eng Bréck op déi riets Säit vum Floss gelaf, fir direkt duerno op N1A ze stoussen.

Entwécklung vun der N1B[änneren | Quelltext änneren]

  • Bis 1995 war d'N1B d'Strooss tëscht dem Iergäertchen an dem Waasserbaseng um Zens, déi haiteg N2A (Boulevard Nelson Mandela).
  • Mam Gesetz vum 15. Dezember 2021 iwwer d'Reklassement vum Stroossereseau gouf N1B an d'N1A integréiert an huet domat och där hir Nummer iwwerholl[1].

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. (fr)Loi du 15 décembre 2021 concernant le reclassement partiel de la voirie et la reprise par l'État d'une série de chemins vicinaux et portant modification de l'article 6bis de la loi modifiée du 16 août 1967 ayant pour objet la création d'une grande voirie de communication et d'un fonds des routes. legilux.public.lu (15.12.2021). Gekuckt de(n) 06.04.2023.