Nationalstrooss 22

Vu Wikipedia
Laf vun der Strooss
Kilometersteen op der N22

D'Nationalstrooss 22 oder N22, och nach Atertstrooss genannt, ass eng lëtzebuergesch Nationalstrooss am Kanton Réiden an am Kanton Miersch.

Si fänkt un zu Uewerpallen um Diggel op der belscher Grenz wou se Uschloss un déi Belsch Nationalstrooss N822 huet.

Vu Pallen leeft se no Osten duerch Ell wou se iwwer d'Atert geet, an da weider op Réiden op der Atert, Räichel, Iewerleng an Useldeng.

Vun Useldeng geet et weider op Béiwen a Biissen bis op Colmer-Bierg wou se dann op d'N7 stéisst.

D'N22 huet eng Längt vun 27,2 km.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Route nationale 22 (Luxembourg) – Biller, Videoen oder Audiodateien