Nationalstrooss 22B

Vu Wikipedia
Laf vun der Strooss

D'Nationalstrooss 22B oder N22B ass eng kleng lëtzebuergesch Nationalstrooss am Kanton Réiden.

Se leeft op hirer ganzer Längt um Terrain vu Réiden op der Atert an huet zu béide Säiten Uschloss un d'N22. Se mécht zu Réiden op der Atert d' Rue d'Ospern, d' Allée des Tilleuls an d' Rue de Hostert.

Lannenallee op der N22B zu Réiden op der Atert

Se huet hiren Ufank op der N22 vis-à-vis vum Réidener Spidol. Se heescht do Rue de Hostert a geet dann ongeféier 100 Meter no Norde wou se vun der Hueschterterstrooss erofgeet an no Osten dréint. Vun hei un heescht se Allée des Tilleuls a behält deen Numm bis op d'Kräizung mat der Rue d'Ospern an der Rue de la Gendarmerie. Hei kritt se dann den Numm Rue d'Ospern an dréint no Süde fir no 80 Meter, net wäit vun der Kierch, nees op d'N22 ze kommen.

D'Strooss ass 625 Meter laang a se ka just an enger Richtung befuer ginn.

Si huet just zwou Niewestroossen an der Allée des Tilleuls an zwar vu lénks d'Strooss mam Numm Hobsteltgen an d'Rue Tyres.

D'Lannenallée steet zanter dem 23. November 1990 op der Lëscht vun den klasséierte Monumenter.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Route nationale 22B (Luxembourg) – Biller, Videoen oder Audiodateien