Nationalstrooss 4
D'Nationalstrooss 4 oder N4 ass eng lëtzebuergesch Nationalstrooss, am Kanton Lëtzebuerg an am Kanton Esch-Uelzecht. Si féiert vu Lëtzebuerg op Esch-Uelzecht a vun do weider a Frankräich, wou se Uschloss un déi franséisch D16 huet. Allerdéngs ass se, zënter ët d'Autobunn A4 gëtt, net méi duerchgängeg, mä et sinn Deeler dervun duerch d'Autobunn ersat gin.
Si huet hiren Ufank an der Stad op der Bréisseler Plaz wou se vun der N2 fortgeet. Vun do féiert se iwwer d'Avenue Marie-Thérèse, dann no lénks iwwer d'route d'Esch duerch Hollerech, Gasperech an d'Cloche d'Or bis op de Rond-point, wou och den CR186 fort geet.
Vun do geet se weider iwwer d'route d'Esch iwwer eng Breck iwwer d'A4, a weider duerch d'Industriezon Grasbësch duerch Leideleng bis se um Ausgang vu Leideleng op der Autobunn A4 eraus kënnt.
En zweet Steck vun der N4 existéiert nach zu Steebrécken, wou se vum Agank bis zum Ausgank vun der Uertschaft féiert (rue d'Europe), allerdéngs kann een dat Steck nëmmen a Richtung Lëtzebuerg befueren.
Dat drëtt Steck geet vun der Ausfaart Esch-Uelzecht vun der A4 (Ausfaart No. 5) iwwer d'Route de Luxembourg duerch Lalleng bis an den Zentrum vun Esch-Uelzecht laanscht d'Gare iwwer de Boulevard J.F.Kennedy a weider iwwer de Boulevard Prince Henri bis zum Rond-point Um Däich wou och d'N31 an den CR168 erauskommen.
Vun do geet se weider iwwer d'Rue des Acacias an d'Rue d'Audun bis op d'franséisch Grenz, wou se an déi franséisch D16 iwwergeet.