Nationalstrooss 52

Vu Wikipedia
Nationalstrooss 52
D'Hoerspéngel-Kéier an der Rue des Glacis
Bd Royal - Eecher Bierg (Stad Lëtzebuerg)
Gestioun Administration des ponts et chaussées
Ufank Lëtzebuerg,
Nationalstrooss 7
Koordinaten 49°36'49,61"N, 6°7'40,04"O
Enn Lëtzebuerg,
Nationalstrooss 7
Koordinaten 49°37'11,06"N, 6°7'49,15"O
duerch Lëtzebuerg
Längt 1,5 km
Vitesslimitatioun 50 km/h
Informatiounen a Websäiten
P & Ch Beschreiwung vum Stroossennetz
Fandom Nationalstrooss 52
Laf an Uschlëss
Uewerstad N 7 Bd Royal
CR 204 Bd Prince Henri
Lampertsbierg N 51 Rond-point Schuman
CR 215 Av. du Bois
N 7 Eecher Bierg

D'Nationalstrooss 52 oder N52 ass eng Nationalstrooss um Territoire vun der Stad Lëtzebuerg.

Se huet hiren Ufank am Zentrum vun der Stad bei der N7 (Boulevard Royal), op der Kräizung mat der Avenue de la Porte-Neuve.

Se geet vun do a Richtung Lampertsbierg, iwwer de Rond-point Schuman an duerch d'Rue des Glacis laanscht de Lycée Robert-Schuman, dann e Stéck iwwer d'Allée Scheffer fir nees iwwer d'Rue des Glacis (den Alen Eecher Bierg) virun ze lafen, wou s'um Enn vun deem nees op d'N7 stéisst.

D'N52 ass 1,5 km laang.

Entwécklung vun der N52[änneren | Quelltext änneren]

Mat der Ëmklasséierung vun Deeler vum staatleche Stroossereseau ass 1995 déi dräieckeg Plaz nieft der N52 (tëscht der Rue des Glacis an dem Boulevard Paul Eyschen) an d'Kompetenz vun der Stad Lëtzebuerg gefall[1].

Biller[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. Loi du 22 décembre 1995 concernant le reclassement partiel de la voirie et la reprise par l'Etat d'une série de chemins vicinaux. - Legilux. legilux.public.lu. Gekuckt de(n) 2021-01-17.