Nationalstrooss 56A

Vu Wikipedia
Nationalstrooss 56A
D'N56A (Bd Charles Marx) a Richtung Westen, vun der rue J-B Merkels aus
Rue Jean-Baptiste Merkels, Boulevard Dr Charles Marx
Gestioun Administration des ponts et chaussées
Ufank Nationalstrooss 56
Enn Nationalstrooss 4
duerch Lëtzebuerg
Längt 650 m
Vitesslimitatioun 50 km/h
Informatiounen a Websäiten
P & Ch Beschreiwung vum Stroossennetz
Fandom Nationalstrooss 56A
Laf an Uschlëss
Lëtzebuerg N 56
CR 223
CR 222
Péitruss
N 4 Escher Strooss
N 56B
N 56C
N 56D
A 4 N 56
CR 230 Rue de Merl

D'Nationalstrooss 56A oder N 56A ass eng Nationalstrooss um Territoire vun der Stad Lëtzebuerg.

Se ass entstane wéi en Deel vun der Hollerecher Strooss, déi en Deel vun der N56 ass, am Sens-unique ugeluecht gouf. Se ass och selwer am Sens-unique a geet op der Merkelsplaz fort vun der Hollerecher Strooss. Se mécht d'Verbindung mat der Stroossbuerger Strooss an dem Boulevard Charles Marx, an op der Héicht vun der Rue de la Vallée stéisst se op d'Escher Strooss (N4).

D'N56A ass zirka 650 m laang.

Entwécklung vun der N56A[änneren | Quelltext änneren]

D'Opfaart Richtung A4, déi als N56A klasséiert soll ginn. Iertemlecherweis gëtt d'Stroossennummer A4 ugewisen (Januar 2021).

Et ass geplangt der Strooss, déi iwwer d'N4 ewech bis bei de Rond-point Märel an den Ufank vun der A4 leeft an haut nach keng offiziell Nummer huet, de Statut vun der Nationalstrooss ze ginn an deemno de Laf vun der N56A ëm 838 m. ze verlängeren[1].

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Nationalstrooss 56A – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. Projet de loi 7423 concernant le reclassement partiel de la voirie et la reprise par l'Etat d'une série de chemins vicinaux et portant modification de l'article 6bis de la loi modifiée du 16 août 1967 ayant pour objet la création d'une grande voirie de communication et d'un fonds des routes. chd.lu (19.03.2019). Gekuckt de(n) 06.01.2021.