Nationalstrooss 63 (Belsch)

Vu Wikipedia
D'Nationale 63 vun der Kräizung vu Rabozée an Direktioun Léck
D'Nationale 63 vun der Bréck vu Maffe an Direktioun Léck

D'Nationalstrooss 63 oder och Route du Condroz[1] ass eng belsch Nationalstrooss an de Provënze Léck an Namouer.

Se huet hiren Ufank zu Sclessin just nieft dem Stadion vum Standard a féiert vun do no Westen bis op Marche. Si ass gréisstendeels véierspuereg ausgebaut, heiansdo mat enger kalifornescher Mauer an der Mëtt, an déi éischt Kilometere bis op Kopp vu Boncelles sinn als Autobunn ausgebaut. D'Nationale 63 ass op hirer ganzer Streck en Deel vun der E46.

Verlaf[änneren | Quelltext änneren]

Se huet hiren Ufank op dem Quai Vercour zu Sclessin respectiv op der Kräizung mat der Rue E. Solvay, a féiert dann iwwer d'Bréck vun Ougrée iwwer d'Meuse an d'N90 déi sech ënner der Bréck an de Quai Louva a Quai Mickiels opdeelt. Vun do geet et weider erop op d'Kopp laanscht de Sender vum Bol d'Air an de Country Hall bis op d'Kräizung vu Boncelles, dat déi eenzeg Kräizung op zwéin Niveauen an enger Uertschaft ass. Op där Kräizung ginn d'Stroosse fir op Tilff a Seraing fort. Op der Streck tëscht Boncelles an Tinlot gëtt et zwou grouss Kräizungen déi mat Luuchte regléiert sinn, an zwar déi vu Plainevaux an déi zu Neupré. Déi aner si meeschten als Rond-point ugeluecht. Vun Tinlot bis op Marche gëtt et keng Kräizunge méi, d'Niewestrosse féieren all iwwer Brécken.

Vun der Entrée vu Marche un ass se boulevardsméisseg ugeluecht, a se huet hiert Enn um Verdeeler vun der N4.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Nationalstrooss 63 – Biller, Videoen oder Audiodateien
Portal vun der Belsch: All Artikelen op der Wikipedia iwwer d'Belsch

Notten[Quelltext änneren]

  1. Well e groussen Deel vun der Strooss den Numm Route du Condroz huet, gëtt am Volleksmond meeschtens deen Ausdrock fir déi ganz Streck gebraucht