Nationalstrooss 7

Vu Wikipedia
Nationalstrooss 7
D'N7 op der Héicht vun der Buergplaz
Lëtzebuerg - Schmëdd
Gestioun Administration des ponts et chaussées
Ufank Lëtzebuerg,
Nationalstrooss 2,
Nationalstrooss 4,
Nationalstrooss 50
Koordinaten 49°36'33,88"N, 6°7'34,39"O
Enn Schmëdd
Koordinaten 50°10'57,00"N, 6°1'20,10"O
duerch Lëtzebuerg, Walfer, Steesel, Luerenzweiler, Lëntgen, Miersch, Biissen, Colmer-Bierg, Schieren, Ettelbréck, Ierpeldeng op der Sauer, Dikrech, Tandel, Buerschent, Parc Housen, Klierf, Wäiswampech, Ëlwen
Längt 76 km
Informatiounen a Websäiten
P & Ch Beschreiwung vum Stroossennetz
Fandom Nationalstrooss 7
Laf an Uschlëss
Lëtzebuerg N 4 N 50 N 2
N 5 Av. Monterey
N 6 Av. E. Reuter
N 52 Av. de la Porte-Neuve
N 53 Eecher Bierg
N 57 Tunnel René Konen
N 51 Rout Bréck
N 52 Rue des Glacis
Eech CR 218 Rue Laurent Menager
N 55 Rue de Muhlenbach
N 11 Rue Aug. Laval
Beggen CR 233 Rue de la Cimenterie
Bäreldeng CR 181 Am Becheler
Walfer CR 123 Rue de Steinsel
Uelzecht
CR 126 Rue de la Gare
Helsem CR 233 Rue Ch. Rausch
CR 233A Rue de la Gare
Heeschdref CR 124 Rue de Mullendorf
CFL-Linn 1
Luerenzweiler CR 122 Rue de Hünsdorf
CR 122 Rue de Blaschette
Kléck A 7
Lëntgen CR 101 Rue de l'Église (r) /
        Rue de la Gare (l)
CR 101A Route de Fischbach
Rolleng CR 120 Rue Belle-Vue
Rollengerbaach
Bierschbech Bierschbaach
CR 118 CR 123 CR 183
Miersch Uelzecht
CFL-Linn 1
CR 183A Rue de la Gare
CR 102 Rue G-D Charlotte
N 8 Rue d'Arlon
Mierscher Bierg A 7 Rond-point Tinnesbruch
Wëllerbaach
Rouscht CR 306
CR 115
Brongeshaff N 7C
Colmer N 7D
N 22 Av. Gordon Smith
Colmer Bréck Uelzecht
CFL-Linn 1
(Bréck op der Colmer Bréck)
CR 123 Route de Cruchten
Uschloss B 7
Schieren CR 347 Route de Stegen
Kiselbaach
CFL-Linn 1
Ettelbréck Uschloss B 7
N 15
Uelzecht
Waark
N 7A Rue Prince Henri
N 7A Av. J-F Kennedy
CFL-Linn 1
Sauer
Ierpeldeng-Sauer N 27 Porte des Ardennes
       CR 359 Rue du Viaduc
Angelduerf CR 359 CFL-Linn 1a
Uschloss B 7
CR 359 Zone industrielle
Dikrech CR 351A Rue de l'Industrie
N 14 Rue du Pont
CR 351A Place Guillaume
N 17 Esplanade
N 7B Rue du Herrenberg
Fridhaff B 7
Closdellt CR 377
Fléiber CR 379
Lëpschter Dällt CR 308
Maarkebaach CR 320D
CR 320B
Houschent CR 320
CR 320C
Houschter Déckt
Schinker CR 322
Housen Uschloss Ëmgeeung (geplangt)
CR 324 Eesberwee (r) /
       Boukelzer Strooss (l)
CR 342
Duerscht CR 343
Maarnech N 18
N 18A
N 18
N 90 CR 326B
Fëschbech CR 340 Duarrefstrooss
Grandsen CR 376
Hengescht CR 339 Hëpperdanger Strooss
CR 338 Hauptstrooss (l)
Lausduer CR 338 (r)
Wäiswampech CR 363 Urenerweeg
CR 335 Duarrefstrooss (l)
CR 335 Beeler Strooss (r)
Wemperhaart N 12 N 62
Lenglerlach CR 336 Duarrefstrooss
Schmëdd
Belsch N 68 Deiffelt

D'Nationalstrooss 7 oder N7, ass eng lëtzebuergesch Nationalstrooss an de Kantone Lëtzebuerg, Miersch, Dikrech a Klierf. Deelweis féiert d'Europastrooss E421 driwwer. Se leeft vun der Stad bis op d'Schmëdd an ass mat 76 km déi zweetlängst Nationalstrooss am Land[1].

Verlaf[änneren | Quelltext änneren]

D'N7 féiert vu Lëtzebuerg vun der Bréisseler Plaz iwwert de Boulevard Royal an den Eecher Bierg op Eech, a vun do aus duerch den Uelzechtdall bis op Miersch. Vun do geet et iwwer d'Kopp vum Rouscht op Colmer, an dann nees weider duerch den Dall vun der Uelzecht iwwert Ettelbréck op Dikrech.

Wéinst Sens-uniquen zu Ettelbréck an zu Dikrech leeft de Verkéier op der N7 nëmmen an eng Richtung:

  • zu Ettelbréck a Richtung Schmëdd (an der Géigerichtung iwwert d'N7A) an
  • zu Dikrech a Richtung Lëtzebuerg; a Richtung Éislek gëtt de Verkéier vun der Stäreplaz un iwwert d'N14 (Rue du Pont) an d'N14 geleet fir bei der Kierch erëm nees op d'N17 ze stoussen.

Vun der Dikrecher Kierch u verléisst se de Sauerdall, fir duerch de Bamerdall op d'Kopp beim Fridhaff ze kommen. Vun do aus féiert se dann als Héichtestrooss laanscht Houschent, duerch Housen, Hengescht a Wäiswampech bis op déi belsch Grenz op der Schmëdd, wou se Uschloss un déi belsch Nationalstrooss N68 huet.

Entwécklung vun der N7[änneren | Quelltext änneren]

  • D'Strooss ass 1843 als „Dikrecher Strooss“ bezeechent ginn an ass vun der Stad iwwert Kruuchten op Dikrech gelaf. Se huet déi belsch Grande route de deuxième classe ersat, déi vu Lëtzebuerg op Dikrech gefouert huet;
  • Bis an d'1940er Joren ass d'N7 vu Miersch aus iwwer Miesdref a Kruuchten a Richtung Ettelbréck gelaf, se leeft awer zanterhier iwwer de Rouscht (déi fréier N26);
  • D'Streck tëscht Dikrech an der belscher Grenz vun der haiteger N7 war bis 1958 déi fréier N16. Zu Ettelbréck - an deem Deel wou d'N7 haut a Sens unique leeft - huet d'N7B den Accès bei d'Gare assuréiert;
  • Zanter den 1960er Jore goufen eng Rëtsch Upassungen un der N7 gemaach fir de Verkéier méi flësseg ze maachen. Sou gouf d'Streck méi riicht gemaach andeems Kéiere ugepasst goufen, et goufen nërdlech vun Dikrech Deeler gebaut wou et méi einfach ass z'iwwerhuelen asw. Do derbäi kënnt, datt tëscht der Stad an Dikrech d'A7 an d'B7 (Nordstrooss) gebaut goufen, fir d'N7 z'entlaaschten;
  • An den 1960er ass d'Streck tëscht Ettelbréck an Angelduerf nei amenagéiert ginn an d'Barriär koum ewech;
  • D'Traversée duerch Ettelbréck gouf an den 1980er Joren ugepasst an eng Rei Kéieren tëscht Fëschbech an Hengescht, tëscht Hengescht a Wäiswampech grad ewéi tëscht Housen a Maarnech goufen ëmgebaut fir d'Streck méi riicht ze maachen;
  • 2001 ass d'Ënnerféierung um Rouscht opgaangen an d'Kräizung mam CR306 ass ewech gefall;
  • 2008 ass an d'Kéier an der Kléck – um haitege Verdeeler fir op d'Autobunn – ëmgebaut ginn;
  • Mam Gesetz vum 15. Dezember 2021 iwwert d'Reklassement vum Stroossereseau sinn an der Gemeng Colmer-Bierg 182 m vum fréieren Tronçon vun der N7 als Gemengeplaz deklasséiert ginn[2].

Projeten[änneren | Quelltext änneren]

Contournement vun Housen[änneren | Quelltext änneren]

Fir d'Uertschaft Housen vum Transitverkéier ze entlaaschten, ass bis Enn 2023 e Contournement geplangt, dee westlech laanscht d'Uertschaft verleeft. A Richtung Norde gekuckt, féiert en ënnert dem CR324 erduerch a leeft dann duerch e 470-Meter laangen Tunnel ënnert dem Flouer Beirescht erduerch, fir op der Héicht vum CR342 deen a Richtung Rouderssen fortgeet, nees un d'N7 ugeschloss ze ginn[3],[4].

Uganks 2021 gouf eng adaptéiert Versioun vum 4,4 km laange Contournement virgestallt deen aus 2 2 Bunne besteet an duerch en Tunnel vun 320 m leeft. Et ginn am Ganze 6 Brécke gebaut, ë. a. fir de landwirtschaftleche Verkéier. Am Kader vum Bau vun der Umgeeungsstrooss gëtt och d'Kräizung mam CR324 verluecht. De Budget fir déi nei Strooss läit bei 154,35 Milliounen Euro, d'Aarbechte sollen 2022 ugoen a véier Joer laang daueren[5][6]. D'Finanzéierungsgesetz gouf de 6. August 2021 gestëmmt[7].

Queesch Verbindung vu Klierf[änneren | Quelltext änneren]

D'Nationalstrooss 90 (Transversale de Clervaux) ass eng Strooss déi nërdlech vu Maarnech vun der N7 aus fort geet an eng queesch Verbindung no Weste bis op d'N18 nërdlech vu Klierf mécht. En éischt Stéck ass zanter dem 10. Juni 2022 op, de westlechen Deel ass nach am Bau(Situatioun: Abrëll 2023).

Ëmbau vun der N7[änneren | Quelltext änneren]

2022 sollt ugefaangen ginn, fir d'Strooss tëscht dem Fridhaff an der Houschter Déckt ëmzebauen, fir se méi sécher ze maachen. Sou bleift déi aktuell Dräibunn bestoen an et ass virgesinn, datt et ofwiesselend eng Spuer an déi eng an zwou an déi aner gëtt. D'Kräizungen um selwechten Niveau kommen ewech a ginn duerch Brécken ersat. Do derbäi gëtt parallel och tëscht Houschent an der Houschter Déckt eng Vëlospist gebaut. De Budget fir d'Aarbechte läit bei 246,71 Milliounen Euro, d'Aarbechte sollten 2022 ugoen an am éischten Deel véier Joer laang daueren[5][6]. D'Finanzéierungsgesetz gouf de 6. August 2021 gestëmmt[8].

Rouscht[änneren | Quelltext änneren]

Am Abrëll 2023 huet de Mobilitéitsminister François Bausch confirméiert, datt um Rouscht op enger Streck vu ronn 2 Kilometer „sou séier wéi méiglech“ dräi Rond-pointe solle gebaut gi fir de Verkéier op där Streck méi sécher ze maachen[9].

Biller[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Nationalstrooss 7 – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. Rankingen op RTL.lu: Déi längsten Nationalstroossen zu Lëtzebuerg sinn?. www.rtl.lu. Gekuckt de(n) 2021-01-31.
  2. (fr)Loi du 15 décembre 2021 concernant le reclassement partiel de la voirie et la reprise par l'État d'une série de chemins vicinaux et portant modification de l'article 6bis de la loi modifiée du 16 août 1967 ayant pour objet la création d'une grande voirie de communication et d'un fonds des routes. legilux.public.lu (15.12.2021). Gekuckt de(n) 06.04.2023.
  3. Le contournement de Hosingen (E421-N7) op route2020.lu, gekuckt den 18. November 2019
  4. 2021 soll de Bau lassgoen, 2 Joer méi spéit soll e fäerdeg sinn op rtl.lu, gekuckt den 18. November 2019
  5. 5,0 5,1 Une N7 plus uniforme et plus sûre entre Wemperhardt et Ettelbruck. pch.gouvernement.lu (2021-05-02). Gekuckt de(n) 2021-02-07.
  6. 6,0 6,1 Umgestaltung der N 7: Entlastung für Hosingen. Wort.lu (2021-02-05). Gekuckt de(n) 2021-02-07.
  7. Loi du 6 août 2021 relative à la construction du contournement de Hosingen (E421/N7). - Legilux. legilux.public.lu. Gekuckt de(n) 2021-08-13.
  8. Loi du 6 août 2021 relative à la sécurisation de la N7 entre Fridhaff et Weiswampach. - Legilux. legilux.public.lu. Gekuckt de(n) 2021-08-13.
  9. (lb)Bausch gëtt gréng Luucht: Geféierlech Kräizung um Rouscht huet Prioritéit. www.rtl.lu (19.04.2023). Gekuckt de(n) 19.04.2023.