Nationalstrooss 8

Vu Wikipedia
Nationalstrooss 8
D'N8 op den éischte Meteren, an der Gäichel
Gäichel - Miersch
Ufank Gäichel
Koordinaten 49°41'40,16"N, 5°52'2,64"O
Enn Miersch,
Nationalstrooss 7
Koordinaten 49°45'2,48"N, 6°6'21,89"O
duerch Habscht, Sëll, Helperknapp, Miersch
Längt 19,8 km
Informatiounen a Websäiten
P & Ch Beschreiwung vum Stroossennetz
Fandom Nationalstrooss 8
Laf an Uschlëss
Gäichel N 844
Gäichel CR 105
Kräizerbuch CR 106
CR 106
CR 106B
Simmer CR 107
CR 112A
Sëll N 12
Bruch CR 112 Bricherlächer
CR 112 Rue du Village
CR 114 Rue de Bissen
Reckener Barrière CR 115
Recken CR 105C Rue Principale
Äisch
Uschloss A 7
Miersch N 7 CR 102

D'Nationalstrooss 8 oder N8 ass eng lëtzebuergesch Nationalstrooss an de Kantone Réiden, Capellen a Miersch. Si féiert vun der belscher Grenz an der Gäichel bis op Miersch.

Si fänkt op der belscher Grenz an der Gäichel un, wou se Uschloss un déi belsch N844 huet. Vun hei leeft se an nordëstlecher Richtung bis op d'Kräizerbuch wou se op hirer héchster Plaz um Zengel iwwer den Tunnel vun der Kräizerbuch geet. Vun do u geet et praktesch déi ganz Zäit weider duerch de Bësch a Richtung Sëll.

Zu Sëll kräizt se d'N12 (Lëtzebuerg-Wemperhaart), fir weider duerch Bruch a Recken op Miersch ze kommen, wou se Uschloss un d'N7 huet. Kuerz viru Miersch kräizt se d'Autobunn A7, un déi se och Uschloss huet.

D'Totallängt vun der N8 ass zirka 19,8 km.

Entwécklung vun der N8[änneren | Quelltext änneren]

  • D'Strooss besteet zanter 1843. Se gouf deemools als Strooss vu Miersch op Arel bezeechent an huet déi belsch Grande route de deuxième classe ersat, déi kuerz virdrun vun der Belsch gebaut gi war;
  • 1958 gouf d'Strooss déi vu Miersch aus iwwer Bierschbech - Bënzert - Angelsbierg bis an d'Fiels gelaf ass a bis dohin d'N9 war, bei d'Streck vun der N8 derbäi geschloen;
  • Mat der Ëmklasséierung vun Deeler vum staatleche Stroossereseau[1] ass déi knapps 10 km laang Streck Miersch - Fiels 1995 an e Chemin repris (CR118) deklasséiert ginn a gehéiert zanterhier nees net méi zur N8.

Biller[änneren | Quelltext änneren]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Nationalstrooss 8 – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. Loi du 22 décembre 1995 concernant le reclassement partiel de la voirie et la reprise par l'Etat d'une série de chemins vicinaux. - Legilux. legilux.public.lu. Gekuckt de(n) 2021-01-30.