Natura 2000

Vu Wikipedia

Natura 2000 ass en Netz vun Naturschutzgebidder an der Europäescher Unioun fir d'Erhale vu bedreete, wëllen, heemesche Planzen- an Déierenaarten an hire Liewensraim.

D'Natura 2000-Gebidder ginn op der Basis vun zwou Direktive vun der Europäescher Unioun ausgewisen:

Grondsätzleches[änneren | Quelltext änneren]

D'Natura 2000-Schutzgebidder gi vun de Memberlänner aus der Europäescher Unioun mat Hëllef vun de Krittäre vun der Directive Habitats vun 1992 erausgesicht a bei der Europäescher Kommissioun nomméiert.

Op Basis vun dëse Nominatioune stellt d'Kommissioun eng Lëscht vu sougenannte Sites d'intérêt communautaire op. Déi betreffend Gebidder ginn da vun deenen eenzele Länner ënner nationalem Recht geschützt.

D'Vulleschutzgebidder, déi ënner der Directive Oiseaux vun 1979 ausgewise waren, goufen an d'Natura-2000-Netz integréiert.

Enn 2009 waren an der EU 23.810 Zonen als Natura-2000-Gebidder ausgewisen, mat enger Gesamtfläch vu 716.992 km², dovun

  • 585.533 km² um Land (13,5 % vun der EU-Landfläch) an
  • 131.459 km² Mieresfläch.

Jiddwer Natura-2000-Gebitt kritt eng europäesch Identifikatiounsnummer, z. B. LU0001022 fir de Gréngewald zu Lëtzebuerg.[1]

Natura-2000-Gebidder zu Lëtzebuerg[änneren | Quelltext änneren]

Dee lëtzebuergeschen Deel vum Natura-2000-Netz besteet aus 48 Habitat- an 12 Vulleschutzgebidder (13.900 ha)[2], mat zesumme 46.200 ha, wat ronn 18 % vun der Gesamtfläch vum Land ausmécht. (Stand 2010)[3] Dee gréissten Deel vun den Natura-2000-Gebidder besteet aus Bësch.[2]

 Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Lëscht vun den Natura-2000-Gebidder zu Lëtzebuerg.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Ministère du développement durable et des infrastructures. Département de l'environnement, 2010. Ein Netz für Natur und Mensch. Un réseau pour la diversité. Natura 2000 in Luxemburg. Natura 2000 à Luxembourg. 167 S. Dréckerei Snel. Ouni ISBN.
  • Administration des eaux et forêts, 2008. Sentier didactique Natura 2000, Esch/Alzette. 88 S. Imprimerie Centrale. Ouni ISBN. (De Léierpad gouf vum Tania Simon, Professesch am Lycée Josy-Barthel Mamer als Travail de candidature am Kader vun hirem Stage pédagogique ausgeschafft).

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Natura 2000 – Biller, Videoen oder Audiodateien
  • Lëscht vun den Natura 2000-Schutzgebidder zu Lëtzebuerg op der Websäit vum Ministère du développement durable et des infrastructures [1]
  • Europäesch Direktiven a lëtzebuergesch Gesetzestexter (zesummegestallt vum Edgar Arendt op der Websäit vum Observatoire juridique Natura 2000, Stand 2005) [2]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Websäit vum Ministère du développement durable et de l'infrastructure
  2. 2,0 2,1 Administration des eaux et forêts, 2008
  3. Ministère du développement durable et des infrastructures, 2010: S. 5.