Naturléier

Vu Wikipedia
Léier iwwer d'Natur an der Schoul (1947)

Naturgeschicht (och Naturléier) ass eng Sammelbezeechnung fir verschidde Wëssensgebidder. Déi meescht Definitiounen enthalen d'Erfuerschung vu Liewewiesen (Biologie, dorënner Botanik an Zoologie); aner Definitioune sinn d'Gebidder Paleontologie, Ekologie a Biochimie wéi och zum Deel Archeologie, Geologie, Astronomie, Physik a souguer Meteorologie gehéieren dozou.

Allgemeng huet een un der Naturgeschicht Intresséierten als Naturfuerscher gegollt. Dat war am Wiesentlechen eng Laiebeschäftegung a kee Beruff.

Am 18. Joerhonnert a wäit bis an d'19. Joerhonnert era gouf de Begrëff Naturgeschicht gebraucht, fir all wëssenschaftlech Studien, am Géigesaz zu der politescher oder kierchlecher Geschicht, ze bezeechnen. Déi ëmfassend Bezeechnung gëtt och haut nach fir en ettlech Muséeen a Gesellschafte gebraucht.

Bekannt Muséeë fir Naturgeschicht sinn den Natural History Museum zu London, de Museum fir Naturléier zu Berlin, den Naturhistoresche Muséee zu Wien an de Muséum national d'histoire naturelle zu Paräis.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Literatur[änneren | Quelltext änneren]