Naturpark Our

Vu Wikipedia
Dëse Geographiesartikel iwwer Lëtzebuerg ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Naturpark Our
D'Our bei Veianen
Lokalisatioun
Land Lëtzebuerg
Koordinaten 50°0'N, 6°6'O
Ugeluecht 2005
Fläch 420 km²
Hiwäisschëld op den Naturpark Our an der Ënnerschlënner

Den Naturpark Our ass en Naturpark, deen am Éislek um nordëstleche Bord vu Lëtzebuerg am Dräilännereck Belsch-Däitschland-Lëtzebuerg läit an ënner der Gestioun vum Syndicat pour l'aménagement et la gestion du parc naturel de l'Our (Parc Naturel de l'Our) ass.

Den Naturpark Our gouf duerch d'Groussherzoglecht Reglement vum 9. Juni 2005 offiziell unerkannt[1].

Bis 2015 huet e sech aus de Gebidder vun de Gemengen Ëlwen, Parc Housen, Kiischpelt, Klierf, Pëtschent, Tandel a Veianen zesummegesat an eng Fläch vun 305,66 km² ëmfaasst. 2015 ass d'Gemeng Wëntger nach derbäikomm, sou datt den Naturpark lo eng Fläch vu ronn 420 km² huet.

Am Syndicat intercommunal de la vallée de l'Our (SIVOUR), deen d'Viraarbechte fir déi offiziell Unerkennung vum haitegen Naturpark Our gemaach huet, war ausser dëse siwe Gemengen och nach d'Gemeng Wäiswampech Member. Déi huet awer decidéiert fir net Member am Syndikat Parc Naturel de l'Our ze ginn an domat gehéiert den Territoire vun der Gemeng Wäiswampech net zum Gebitt vum Naturpark Our.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Règlement grand-ducal du 9 juin 2005 portant déclaration du Parc Naturel de l'Our, publizéiert am Link op Legilux mat Link op de Mémorial A Nr 92 vum 27. Juni 2005, S. 1676