Naturpark Uewersauer
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
| Dëse Geographiesartikel iwwer Lëtzebuerg ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Thema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Den Naturpark Uewersauer (oder Öewersauer) ass en Naturpark zu Lëtzebuerg ënnert der Gestioun vum Syndicat pour l’aménagement et la gestion du parc naturel de la Haute-Sûre.
Den Naturpark Uewersauer gouf duerch d'Grousserherzoglecht Reglement vum 6. Abrëll 1999 gegrënnt.[1]
D'Gebitt vum Naturpark Uewersauer Uewersauer ëmfaasst d'Gebitter vun de Gemenge Bauschelt, Ell, Esch-Sauer, Stauséigemeng a Wanseler, mat am Ganzen enger Fläch vun 183,87 km².
Zu Esch-Sauer op der Lëlzer Strooss ass an der Maison du parc naturel de la Haute-Sûre, der fréierer Duchfabrik, en Touristeninformatiounszenter fir den Naturpark Uewersauer mat enger Ausstellung iwwer dat Gebitt ënnerbruecht.
Kuckt och [änneren]
Um Spaweck [änneren]
Referenzen [änneren]
- ↑ Règlement grand-ducal du 6 avril 1999 portant déclaration du Parc Naturel de la Haute-Sûre, publizéiert am Mémorial A Nr 44 vum 26. Abrëll 1999, S. 1114