Naturrecht

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen

De Begrëff Naturrecht (lat.: ius naturale) ass eng rechtsphilosopjesch Bezeechnung fir den Droit, wat virum positiven Droit, deen duerch sozial Norme geregelt ass, steet. D'Naturrechtsléier steet am Géigesaz zum Droitspositivismus.

Dem Begrëff vum Naturrecht kann d'Iwwerzeegung zugronn leien, datt all Mënsch "vun Natur aus" (also net duerch Konventioun) mat onveräusserleche Rechter ausgestatt ass - onofhängeg vu Geschlecht, Alter, Plaz, Staatszougehéieregkeet oder der Zäit wou hie lieft. Dozou gehéieren d'Recht op Liewen ouni kierperleche Schued oder d'Recht op perséinlech Fräiheet. D'Naturrechter ginn demno als vir- an iwwerstaatlech "éiweg" Rechter ugesinn.

Donieft gëtt et eng Opfaassung vum Naturrecht als "Recht vum Stäerksten". Ënner der Viraussetzung vum gemengen Notze bedeit dat, datt déiselwecht Rechter d'Victoire vun der besserer Leeschtung iwwer ugestammte Berechtegungen erméigleche sollen. Am Sozialdarwinismus an am Faschismus huet sech doraus allerdéngs paradoxerweis en "ugestammtent Recht vun der besserer Leeschtung" erginn. D'Iddi vun den Naturrechter (béid Zorten) geet bis an d'griichesch Antikitéit zréck a krut am Zäitalter vun der Opklärung 17. bis 18. Joerhonnert eng politesch Bedeitung. Si stoung an der Oppositioun zum chrëschtlech-mëttelalterleche Versteestemech vun der Gnod: datt Eegeschafte wéi Liewen oder Fräiheet duerch gnädeg Autoritéite wéi Gott oder dem Kinnek perséinlech a willkürlech vergi goufen, ouni datt een e Recht dorop hat.

E Beispill aus der Politik kann dës Haltung veruschaulechen: Naturrechtlech kéint een argumentéieren, eng humanitär Interventioun wir gerechtfäerdegt, well opgrond vum Naturrecht eng generell Flicht besteet, Mënschen ze hëllefen, och deenen, déi net zu der eegener Communautéit zielen. Nom Hugo Grotius besteet deem géintiwwer éischter e generellt Recht - keng Flicht - fir eng humanitär Interventioun a sou Situatiounen.

D'Beruffung op en iwwerpositiven Droit geet dovun aus, datt bestëmmt Droitssätz onofhängeg vun der konkreter Ausgestaltung duerch d'Rechtsuerdnung "schlechthi" Geltung beusprochen, an domat duerch e positiven Akt vun der Rechtssetzung weder geschaf, nach geschaf gi mussen, an och net ausser Kraaft gesat kënne ginn.

Am kathoulesche Kiercherecht, wat déi europäesch Geschicht geprägt huet ënnerscheet sech de ius divinum naturale vum ius divinum positivum doduerch, datt et net opgeschriwwen ass. Et gëtt als aktiv autoritär Handlung amplaz vun engem passive Buschtaf, deen een interpretéiere kann, duergestallt. Domat gëtt d'Iwwerleenheet vun der konkreter Uweisung iwwer d'Schrëft betount.

Déi am Naturrecht geléierten Droitsprinzipie ginn ënnerschiddleche Quellen zougesprach, déi ni vun de Mënsche konnte beaflosst ginn. Als Beispiller kann een nennen:

  • Gott oder eng bestëmmte Gottheet, deen d'Droitsprinzipie bei der Schëpfung geschaf huet;
  • de Logos, deen als gëttlecht Gesetz ugesi gëtt, an duerch d'Welt stréimt;
  • d'Naturgesetz wat am Mënsch selwer wierkt (Fäegkeet zur Selbsterkenntnis an Orientéierung vum Gewëssen) am Géigesaz zum Naturgesetz vum Déiereräich wat laut de Mënschen als reng instinktiv definéiert gëtt;
  • bestëmmt naturwëssenschaftlech Noutwennegkeeten, déi sech an der Natur weisen;
  • d'Natur selwer;
  • d'Vernonft.

Trotz der Méiglechkeet, als Quell vum Naturrecht souwuel Gott wéi och de Mënsch anzesetzen, kann et net am Sënn vun enger moderner Naturwëssenschaft verworf ginn, mä ass en Haaptgéigestand vun der Moral- a Rechtsphilosophie. Nom Johannes Messner besteet d' (spezifesch mënschlecht) Naturgesetz, wat fir d'Naturrecht als Haaptbasis ugesi gëtt, "nicht in einem unveränderlich für alle Zeiten gleichen Moralkodex, vielmehr in den das vollmenschliche Sein bedingenden und den Menschen verpflichtenden Grundwerten oder Grundprinzipien, die nur in ihrem allgemeinen Gehalt unveränderlich und nur insoweit absolute Geltung besitzen, als sie dem unveränderlichen und selbst einen absoluten Wert darstellenden Grundwesen der Personnatur des Menschen entsprechen."

Deem géintiwwer verneenen aner rechtsphilosophesch Iwwerleeungen d'Gëlle vun engem iwwerpositive Recht an halen nëmmen dat fir verbindlech, wat duerch e rechtssetzenden Akt als positiivt Recht norméiert ginn ass.

Duerch d'Unhuele vun engem iwwerpositive Recht ginn elementar moralesch Grondsätz, ethesch oder reliéis motivéiert, dem Zougrëff vun enger positiver Legislatioun entzunn, wat déi Grondsätz engersäits stäerkt, anerersäits se awer nëmmen an deem Mooss verwierkleche léisst, wéi iwwer hirem Bestand e méiglechst breede Konsens herrscht.

D'Naturrecht (als Iddi vun engem onveräusserleche Recht) bilt eng fundamental Argumentatiounsgrondlag vu verschiddenne Rechtsgebidder wéi vum Mënscherechter oder vum Vëlkerrecht. D'Naturrecht ass dann deen Deel vum mënschlechen Naturgesetz, dee sech op d'gemeinschaftlecht Liewe bezitt, well eréischt wann et eng Communautéit gëtt, gëtt et och en Droit. De Johannes Messner definéiert:

"Naturrecht ist Existenzordnung, Grundordnung des Existierens des Menschen als Mensch, im wahrsten und vollsten Sinn von 'Existieren', die Ordnung, deren Forderungen ihm mit diesem Existieren in ihrem bestimmten Inhalt bewusst werden gemäß dem Prinzip, daß alle Erkenntnis durch die Erfahrung bedingt ist, auch die der Prinzipien der Rechtsvernunft als Teil der praktischen Vernunft. So erfasst, werden diese Forderungen von der voll entfalteten Vernunft in ihrer allgemeinen in sich gewissen Wahrheit und in ihrer allgemeinen verpflichtenden Geltung eingesehen."

Virstellunge vun enger iwwerpositiver Normsetzung gouf et schonn zanter der griichescher Antikitéit. Déi haten allerdéngs nach keng Verbindlechkeet, mä hunn nëmmen als erstriewenswäert individuellt Zil gezielt. Souwuel d'Kritik un der ënnerschiddlecher Behandlung vun de Mënschen, wéi d'Kritik un der Entwécklung vun de Gesetzer iwwerhaapt zum Virdeel vun de Schwaachen ass zanter der Antikitéit beluecht (Antiphon, Kritias). Verbindlech iwwerpositiv Normen dauche genee sou an der Bibel an an anere reliéise Wierker op, allerdéngs sinn déi en offenbart Recht a besonnesch am Fall vun der Bibel net logesch koherent, mä ginn direkt op d'Wuert vu Gott zréck.

Eng éischt aflossräich Synthes vn den zwéin Urspréng huet den Thomas vun Aquin versicht. An der scholastescher Moraltheologie an am Zäitalter vun der Opklärung kruten Naturrechtsléieren nees eng méi grouss Bedeitung. Besonnesch aflossräich an der Ausformung vun engem liberalen Naturrechtsgedanke waren hei den Hugo Grotius mat sengem Wierk De iure belli ac pacis ("Iwwer d'Recht a Krich a Fridden") souwéi mat sengem Privatrechtsléierbuch Einführung in die holländische Rechtsgelehrsamkeit, de Samuel von Pufendorf mat De iure naturae et gentium ("Iwwer d'Natur- a Vëlkerrecht") a besonnesch den John Locke. Op de Locke hu sech d'US-amerikanesch Grënnungspappen a besonnesch den Thomas Jefferson bezunn, fir d'Onofhängegkeetserklärung ze begrënnen.

Um Problem vum Naturrecht gëtt d'Iwwerschneidung vu Rechtswëssenschaft a Philosophie bzw. Theologie ëmmer nees däitlech. Domat ass d'Naturrecht net nëmmen e wesentlecht Deelgebitt vun der Rechtsphilosophie, mä och vun der Rechtswëssenschaft, ob si sech elo op weltlecht oder reliéist Recht spezialiséiert.

Grouss Vertrieder vum Naturrecht[änneren | Quelltext änneren]

Den Hellegen Thomas vun Aquin

Literatur zum Thema[änneren | Quelltext änneren]

  • Ernst Bloch, Naturrecht und menschliche Würde, 1961.
  • C.S. Lewis, Die Abschaffung des Menschen. (ISBN 3-89411-157-7) - Engleschen Text
  • Johannes Messner, Das Naturrecht. Handbuch der Gesellschaftsethik, Staatsethik und Wirtschaftsethik, Duncker & Humblot, Berlin, 1984. (ISBN 3-428-05660-4)
  • Eberhard Schockenhoff, Naturrecht und Menschenwürde. Universale Ethik in einer geschichtlichen Welt, Mainz, 1996. (ISBN 3-7867-1899-7)
  • Merio Scattola, Das Naturrecht vor dem Naturrecht. Zur Geschichte des ius naturae im 16. Jahrhundert, Tübingen, 1999. (ISBN 3-484-36552-8)
  • Raoul Muhm, Deutschland: Die Renaissance des Naturrechts und die Verbrechen gegen die Menschlichkeit., Vecchiarelli Editore Manziana, Roum, 2004. (ISBN 88-8247-153-5)
  • Erik Wolf, Das Problem der Naturrechtslehre, Karlsruhe, 1964.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]