Naturschutz

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Gnome-globe.svg Dëse Geographiesartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Thema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran.

De Begrëff Naturschutz ëmfaasst all Ënnersuchungen a Moossname fir d'Erhalung an d'Renaturéierung vun der Leeschtungsfäegkeet vum Naturhaushalt. En nohaltegt Benotzen duerch de Mënsch gëtt ugestrieft. Den Naturhaushalt soll als Liewensgrondlag vum Mënsch, a wéinst dem eegene Wäert vun der Natur, geschützt ginn.

Wichteg Géigestänn am Naturschutz sinn:

De Naturschutz beschäftegt sech och mat de Standuertfaktoren: Buedemschutz, Mikroklima, Preventioune vu Loftverschmotzungen, Lärmschutz souwéi anere potentiell schiedlechen Aflëss wéi zum Beispill d'Bewegungen, d'Zerschneiden an d'Isolatioun vu Liewensraim. An de leschte Joerzéngten huet och de Naturschutz am Beräich vu Siidlungen an op landwirtschaftlech genotzte Flächen u Bedeitung gewonnen.

D'Praxis vum Naturschutz fënnt ee virun allem op regionalem a lokalen Niveau. Déi rechtlech Instrumenter vum Naturschutz sinn allerdéngs a ville Länner um nationalem Niveau verankert. An der Europäescher Unioun gewannen och europawäit Programmer a Regelungen u Bedeitung, sou z. B. Natura 2000, Fauna-Flora-Habitatdirektiv oder och déi Europäesch Waasserkaderdirektiv, déi indirekt grouss Auswierkungen op den Naturschutz wäerten hunn.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Europäische Kommission (2002): EU-Brennpunkt Naturschutz, Amt für amtliche Veröffentlichungen der Europäische Gemeinschaften, Lëtzebuerg, ISBN 92-894-1404-9
  • Harald Plachter (1991): Naturschutz. Gustav Fischer, Stuttgart und Jena, ISBN 3-437-20456-4.