Naturschutzgebitt Birelergronn

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen

Birelergronn ass nieft enger Uertschaft mam selwechten Numm och en Naturschutzgebitt an de Gemenge Sandweiler, Schëtter an Nidderaanwen. Tëscht Sandweiler, Schraasseg an Neihaischen erstreckt sech ënnen am Dall e Fiichtgebitt, dat vun der Birelerbaach duerchzu gëtt a wouvun zirka 270 ha zënter 1999 ënner Naturschutz stinn.

Inhaltsverzeechnes

[änneren] Geologie an Topographie

D'Birelerbaach am Fiichtgebitt Neimillen

D'Géigend ronderëm de Birelergronn ass geprägt vum Lëtzebuerger Sandsteen, eng wichteg Gestengsformatioun aus dem Lias, déi sech virun ongeféier 200 Millioune Joren aus enger Sedimentatiounsphas aus dem Juramier entwéckelt huet. De Sandsteen, deen eng waasserduerchlässeg geologesch Schicht bild an op dem waasseronduerchlässegem Mergel läit, ass bekannt fir seng vill Quellen. Eng Partie vun dëse Quelle speisen d'Birelerbaach, déi sech am Laf vun der Zäit an de Plateau vum Lëtzebuerger Sandsteen ënnert dem Afloss vum fléissende Waasser, dat d'Gestengs auswäscht, agedéift huet.

Ënnen am Dall goufen an der Zäit duerch d'Waasserkraaft vun der Birelerbaach sechs Millen ugedriwwen. Nieft der Loumillen, der Bannmillen a Boumillen, déi haut nach erhale sinn, huet dallopwäerts d'Neimillen, Hentzensmillen an Berwicksmille gedréit. Duerch dat heitegt Faasse vun de Quellen ass d'Waasserkraaft verluer gaang an de Millebetrib schliisslech agestallt ginn. D'Neimillen oder och nach Wollefsmille genannt, vun där eng éischte Kéier am 14. Joerhonnert geschwat gouf, huet der Mënsterabtei gehéiert. Mat hirem virgelagertem Milleweier war si déi bedeitendst Millen aus dem Dall. Beim Opgi vun der Millen, déi mëttlerweil ofgerappt ginn ass nodeems de Staat se 1981 opkaf hatt, ass de Weier lues a lues zu engem groussen Deel ausgedréchent. Duerch déi deelweis Ausdréchnung huet sech e wäertvollt Fiichtgebitt mat enger grousser ecologescher Bedeitung entwéckelt. Dëst Fiichtgebitt ass zesumme mat den Iwwerreschter vu Flossdeltebëscher baachofwäerts vun der Neimillen, déi deelweis an der Zäit wou et nach kee kënschtlegen Dünger gouf a Méiwisen ëmgewandelt gi sinn, mam groussherzoglechem Reglement vum 6. Dezember 1999 mat 11,33 ha an enger 260 ha grousser Pufferzon ënner Naturschutz gestallt ginn.

[änneren] Ecologie

D'Fiichtgebitt Neimillen huet sech zu engem villfältege Liewensraum entwéckelt. Am Verlandungsberäich vun de fréiere Weieren huet sech en dicht Lëtschegebitt ausgebreet, andeem déi héich Lëtschen (Phragmites communis) virum Kristusstaf (Typha latifolia) an anere Bënsen dominéieren. An dëse Lëtschebestänn, déi sech wéinst hirer immenser Wuesskraaft séier ausbreeden, fannen de Klenge Jäizert (Acrocephalus scirpaceus), de Schwaarze Wisekriibs (Rallus aquaticus) an d'Weidemësch (Emberiza schoeniclus) Schutz an ideal Bréiméiglechkeeten. Am Fréijor benotze vill Amphibien, dorënner d'Mouk (Bufo bufo), d'Fiichtgebitt als Läichplaz.

Duerch déi stänneg Usammelung vun organescher Matière entwéckelt sech d'Fiichtgebitt ouni mënschlechen Agrëff lues a lues zu engem Flossdälltebësch. Esou e Bësch, dee Biedem déi periodesch iwwerschwemmt gi bevirzitt, ass nach plazeweis hannert der Neimille laanscht d'Birelerbaach ze fannen a gëtt vun der Alenter (Alnus glutinosa) dominéiert. Hiert gespléckten an déift Wuerzelsystem befestegt d'Ufertallien a bitt gläichzäiteg eng Stopp fir Fësch.

[änneren] Naturléierpad

Panneau vum Léierpad

Mat thematesche Statiounen iwwer déi natur- a kulturhistoresch Aspekter vum Birelergronn ass am Joer 1997 e Léierpad amenagéiert ginn, dee sech an de 7 km laange Quellepad mat Depart zu Sandweiler an an de 5 km laange Millepad mat Depart zu Schraasseg an um Neihaischen opdeelt. Déi zwee Weeër mat allkéiers sechs informative Panneauen, lafen op der Neimillen zesummen a kënne problemlos matenee kombinéiert ginn.

Naturschutzgebidder zu Lëtzebuerg
AarneschtVue2.jpg

AarneschtAmberkneppchenAm BauchBeetebuerger BëschUm BiergBiirgerkräizBirelergronnBoufferdanger MuerBrillConzefennDeiwelskoppDreckswissDumontshaffEllergronnËnneschte BëschFënsterdallFëlschdrefergronnGroufHaardHaff RéimechHierdenHierberbëschKelsbaachKuebebiergKuebendällchenLaangmuerLanneburLéiLéibiergLénger WisenManternacher FielsPällembiergPëttenerbëschPrënzebiergAm PudelRamëscherRéiserbannSaueruechtSonnebiergStréisselStrombiergTelpeschholz

Kuckt och → Bemierkenswäert Beem zu Lëtzebuerg

[änneren] Referenzen

  • Panneauen um Léierpad.
Perséinlech Tools
Nummraim

Varianten
Aktiounen
Navigatioun
Geschirkëscht