Naturschutzgebitt Deiwelskopp

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen

Deiwelskopp ass en Naturschutzgebitt an der Gemeng Mompech. Am Hank iwwer der Sauer nord-westlech vun der Uertschaft Méischdref erstreckt sech e variéiert Gebitt mat kallekhaltegen Hallefdréchewisen, wouvu 60,98 ha zënter dem 2. Abrëll 2004 ënner Naturschutz stinn. Kondenséiert Loftfiichtegkeet, déi am Wanter heiansdo aus de Buedemfoue quëllt an am Volleksmond als Damp aus der Häll ugesi ginn ass, huet der Kopp hiren Numm ginn.

[änneren] Orchideeëléierpad

Panneau vum Orchideeëléierpad

Op der Deiwelskopp huet d'Fondation Hëllef fir d'Natur mat der Gemeng Mompech an der Ënnerstëtzung vu Source Rosport am Joer 1996 en Orchideeëléierpad amenagéiert. De Pad, op deem d'Orchideeën an d'Heckeplanze mat Stiechetikette markéiert sinn, ass op engem Deelstéck vum Méischdrefer Circuit Auto-pédestre (117) ugeluecht an féiert als Sakgass op eng Orchideeëwiss vun der Fondation Hëllef fir d'Natur. De Pad ass am interessantsten während der Bléizäit tëscht Mëtt Mee an Enn Juni. Mëtt Juni 2006 ass de Pad erneiert ginn.

Naturschutzgebidder zu Lëtzebuerg
AarneschtVue2.jpg

AarneschtAmberkneppchenAm BauchBeetebuerger BëschUm BiergBiirgerkräizBirelergronnBoufferdanger MuerBrillConzefennDeiwelskoppDreckswissDumontshaffEllergronnËnneschte BëschFënsterdallFëlschdrefergronnGroufHaardHaff RéimechHierdenHierberbëschKelsbaachKuebebiergKuebendällchenLaangmuerLanneburLéiLéibiergLénger WisenManternacher FielsPällembiergPëttenerbëschPrënzebiergAm PudelRamëscherRéiserbannSaueruechtSonnebiergStréisselStrombiergTelpeschholz

Kuckt och → Bemierkenswäert Beem zu Lëtzebuerg

[änneren] Referenzen

  • Brochure: Naturschutzgebiet Deiwelskopp - Vielfalt von Lebensräumen. Ëmweltministère - Forstverwaltung, 2006.
  • Depliant: Der Naturlehrpfad in Moersdorf - Naturschutzgebiet für Orchideen.
  • Naturlehrpfad Deiwelskopp
  • Deiwelskopp
Perséinlech Tools
Nummraim

Varianten
Aktiounen
Navigatioun
Geschirkëscht