Naturschutzgebitt Mamerdall

Vu Wikipedia

D'Naturschutzgebitt Mamerdall war en Naturschutzgebitt zu Lëtzebuerg an de Gemenge Bartreng, Kielen, Koplescht, Lëntgen, Luerenzweiler, Mamer, Miersch, Steesel a Stroossen, am Dall vun der Mamer, dat duerch e Règlement grand-ducal vum 30. November 2012 geschaf gouf[1] an nëmme just bis zum 23. Dezember 2014 legal bestanen huet.

D'Naturschutzgebitt mat enger Fläch vun 2.378,63 ha war an zwou Zonen opgedeelt:

  • Zon A, offiziell Réserve naturelle genannt, op enger Fläch vu 585,85 ha. Se besteet aus dem Fond de vallée vun der Mamer an der Keelbaach tëscht der Bréck vun der Areler Autobunn bis viru Koplescht. Nordëstlech vu Koplescht geet et weider am Fond de vallée laanscht Schëndels bis viru Miersch. An dësem ënneschten Deel gehéieren och nach grouss Deeler vun de Bëscher op béide Säite vum Dall zum Naturreservat.
  • Zon B, mam Statut paysage protégé, op enger Fläch vun 1.792,77 ha. Zu dëser Zon gehéiere virun allem Bëscher op béid Säite vum Dall.

En Arrêt vum Verwaltungsgeriicht an duerno eng Konfirmatioun vun deem Urteel vun der Cour administrative huet der Firma OLOS FUND, déi géint d'Reglement vum 30. November 2012 geklot hat, Recht ginn an d'Reglement vum Naturschutzgebitt gouf abrogéiert.[2],[3]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Mémorial A n° 260, 2012, 13.12.2012, S.3420.
  2. Arrêt vum 23 Dezember 2014
  3. En Iwwerbléck iwwer d'Problematik op der Websäit vu Paperjam [1]