Naturschutzgebitt Sonnebierg

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Stub W.svg Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann der méi iwwer dëst Thema wësst, sidd der häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran.
De Sonnebierg

Sonnebierg ass en Naturschutzgebitt an der Gemeng Walfer. Ëstlech vun der Uelzecht am kallekhaltegen Hank vun der Uertschaft Helsem läit eng Hallefdréchewiss, wouvun zirka 15 ha zënter 1989 ënner Naturschutz stinn.

De Sonnebierg läit op enger Héicht vun 290 m iNN um Steemergelkeuper. De Wiessel tëscht Mergel an Dolomitbänken aus der Zäit vun der Trias a seng süd-westlech Lag maachen aus him en aussergewéinlecht Gebitt. Bei waarme Wieder zersplittert seng dréchen Uewerfläch, während bei Reen de leemege Buedem uschwëllt a rutscheg, pecheg gëtt. De Sonnebierg ass duerch e 16 km laangt Galeriesnetz vun de fréiere Gipsgrouwen ënnerhielt.

Wéinst senger rarer Fauna a Flora ass de Sonnebierg mam groussherzogleche Reglement vum 31. Juli 1989 mat 15,03 ha zum Naturschutzgebitt ausgewise ginn.

Eng 150 verschidden, zum Deel rar Planze sinn an der Reserv gezielt ginn. Ënnert hinnen Enzianen an eng gutt Dosen Orchideeën.

Naturschutzgebidder zu Lëtzebuerg
AarneschtVue2.jpg

AarneschtAmberkneppchenAm BauchBeetebuerger BëschUm BiergBiirgerkräizBirelergronnBoufferdanger MuerBrillConzefennDeiwelskoppDreckswissDumontshaffEllergronnËnneschte BëschFënsterdallFëlschdrefergronnGroufHaardHaff RéimechHierdenHierberbëschKelsbaachKuebebiergKuebendällchenLaangmuerLanneburLéiLéibiergLénger WisenManternacher FielsPällembiergPëttenerbëschPrënzebiergAm PudelRamëscherRéiserbannSaueruechtSonnebiergStréisselStrombiergTelpeschholz

Kuckt och → Bemierkenswäert Beem zu Lëtzebuerg

Perséinlech Tools
Nummraim

Varianten
Aktiounen
Navigatioun
Geschirkëscht
An anere Sproochen