Naturverjüngung

Vu Wikipedia
En Usaz vun enger Kifereverjüngung am 3.-4. Joer

D'Naturverjüngung ass eng vun den zwou Méiglechkeete fir e Bambestand ze grënnen. Et ass déi natierlech Method. Déi kënschtlech Method besteet doran datt geplanzt oder geséit gëtt. Si huet den Avantage datt de Bësch sech mat sengem eegene Som erneiert.

Grënnung vum Bestand[änneren | Quelltext änneren]

D'Grënnung, den Opbau, d'Fleeg an d'Erzéiung vu Bëscher si gläichwäerteg Aufgabe vum Waldbau. Mat der Grënnung vum Bestand gëtt awer scho seng weider Entwécklung fir säi ganzt Liewe virgezeechent. Decisiounen déi bei der Grënnung getraff ginn, kënnen net méi réckgängeg gemaach ginn, wougéint Feeler bei der Fleeg net sou an d'Gewiicht falen an och meeschtens lues a lues verbessert kënne ginn.

D'Naturverjüngung huet vis-à-vis vum Planzen a vum Séien, verschidden Avantager:

  • De Bësch bleift als natierlech Liewensgemeinschaft erhalen.
  • De Bëschbuedem bleift an der Zäit bannt där de Bestand sech erneiert géint Sonnenastraalung a Wanderosioun geschützt.
  • Den Nowues gëtt duerch den ale Bestand géint Frascht, Hëtzt, an Onkräider protegéiert.
  • Op der Plaz bleiwen déi Bamzorten erhalen déi sech zanter Generatiounen do etbléiert hunn.
  • Bei den ale Beem geschitt e Liichtzouwues, an der Zäit, bannent där déi jonk Generatioun eropwiisst.
  • D'Holzproduktioun gëtt net ënnerbrach, wéi beim Kahlschlag mat uschléissender kënschtlecher Verjüngung.

Dës Avantage loosse sech nëmme mat groussem Opwand bei kënschtlecher Nozuucht, duerch a kënschtleche Virbau ëener Schierm, kompenséieren.

Viraussetzungen[änneren | Quelltext änneren]

Fir datt eng Naturverjüngung Succès soll hunn, mussen e puer Konditiounen erfëllt sinn:

  • Den zeidege Bestand muss genuch gesond a gutt geformte Beem hunn déi Som droen, an e muss fir staark Coupë preparéiert sinn.
  • De Buedem vun der Verjüngungsfläch muss e gutt Keimbett bilden, säin Zoustand muss et dem Som erlabe fir gutt Fouss ze faassen, a fir sech gënschteg weider z'entwéckelen.
  • De Verbëss duerch d'Wëld an aner Gefore fir déi jonk Planze mussen ausgeschalt sinn.

Fleeg vum ale Bestand[änneren | Quelltext änneren]

Den zeidege Bestand[änneren | Quelltext änneren]

Ouni Beem déi genuch Som droen ass eng Naturverjüngung net denkbar. Am zouene Bestand ginn d'Beem méi spéit fruchtbar wéi am Fräistand, awer nach ëmmer fréi genuch datt eng Verjüngung kann ageleet ginn, éiert d'Beem geha solle ginn. Wéini datt se fruchtbar ginn, an a water Intervallen se Som droen ass ganz verschidde bei de Bamzorten. Am Allgemengen ass et awer sou datt Beem op gudde Biedem an op waarme Standorten éischter fruchtbar, wéi hir Artgenossen op schlechte Biedem an a kale Lagen. Dacks ass et sou datt no engem dréchne Joer e gutt Somjoer kënnt. Sou e Joer gëtt da Volmast genannt. Wann et e bësselche méi schappeg ass gëtt vun enger Hallefmast geschwat, wann nëmmen e puer Beem Som hunn ass et eng Sprengmast. Wann de Som ganz ausfält ass et eng Feelmast.

Am Allgemenge ginn d'Buchen an d'Eeche sou ëm déi 80 Joer fruchtbar, a se droen all dräi bis fënnef Joer Som. Eng Vollmast kënnt all 9 bis 12 Joer vir, wat am Kloertext heescht dat soubal wéi d'Buche fruchtbach sinn, een héchsten 4 oder 5 Chance kritt fir eng Naturverjüngung unzefänken, woubäi een déi 2 éischt souwisou vergiesse kann, well do de Bestand nach net zeideg genuch ass fir geha ze ginn.

D'Qualitéit[änneren | Quelltext änneren]

Et kënnt net nëmmen drop un datt d'Beem vill Som hunn, mä och do drops vu wou de Som hierkënnt, dat heescht vu méiglechst ville gutt geformte Sombeem, fir datt d'Chancen datt se hir gutt Anlage weiderverierwen, sou grouss wéi méiglech ginn. Eng honnertprozenteg Garantie ass dat dann awer nach net, wëll och schlechtgeformte Pollendréier, beim Bestëpse bedeelegt kënne sinn.

D'Virbereedung vum ale Bestand[änneren | Quelltext änneren]

Fir eng Naturverjüngung kommen nëmme gutt gefleegte Bestänn, op de richtege Plazen a Fro. Si gi laang virun dem Verjüngen dodrops hi virbebreet, dat heescht datt Beem déi schlecht gewuess sinn, an aner Beem déi en net am Bestand wëll hunn, mat Zäit mussen erausgeha ginn. Déi zukënfteg Sombeem, déi och meeschtens de gréisten Zouwues garantéieren, ginn e puermol am Laf vun der Virbereedung fräigestallt, fir sou den Zouwues um Optimum ze halen, a fir datt d'Sombeem eng grouss, reegelméisseg Kroun kënnen opbauen.

An der Zäit vun der Verjüngungsphas gëtt de Bestand e puermol iwwer Joerzéngten opgerappt, an doduerch destabiliséiert, an de Stuermgefore staark ausgesat, fir déi en net däerf virun der Zäit en Affer ginn.

Och dodrops muss de Bestand virbereet ginn, duerch Mëschwuesreegelung, Erzéiung vun den Haaptstämm zur Selbstännegkeet, Erhale vun engem trapeméissege Bestockungsopbau, an oppassen dat net ze vill Drëpsschlag entsteet.

Duerch d'Aart a Weis, d'Stäerkt, an d'Wiederhuele vun den Duerchforstungsagrëff virun der Verjüngung kann d'Klima vum Bestand beaflosst ginn. Empfindlech Bamzorten däerfen an der Jugend net ze vill dem Wand ausgesat sinn, se brauchen eng héich Loftfiichtegkeet an e Schutz géint Sonnenastraalung.

E kompakten, eeschichtege Bestand mat engem héichgedréckte Krounendaach ass keng gutt Ausgankspositioun fir eng Naturverjüngung.

D'Konstitutioun vum Buedem a seng Virbereedung[änneren | Quelltext änneren]

Ob d'Verjüngung eng Chance huet fir gutt unzekommen, dat heescht ob de Som gutt oplafen a weiderwuesse kann, hänkt vun der Beschafenheet vum iweschte Buedem of, a vun der Konkurrenz vun der Schlagflora. Duerch d'Ausformung vum ale Bestand fir a wärend der Verjüngungszäit, kënnen duerch mechanesch oder cheemesch Behandlung vum Buedem an der Buedemdecken, déi Aflëss gesteiert ginn, déi eng Verbesserung mat sech bréngen.

De Buedemzoustand[änneren | Quelltext änneren]

  • D'Schlagflora
Wann eng Naturverjüngung ugefaange gëtt, däerfen net ze vill kleng Planzen op der Plaz stoen. Bsonnesch gutt Biedem mat villen Nierstoffer, a mat mëllem Humus, droe vill Planzen ënner engem Alholzschierm. Dës Mullbuedemflora stéiert u sech net vill.
Apart hënneren:
op gudde Biedem: Päerelgras (Melica nutans), Bingelkraut (Mercurialis), Sprangkraut (Impatiens noli-tangere).
op dicht gelagerte Biedem: Séigras (Carex brizoides), Adlerfar (Pteridium aquilinum).
op saure Biedem: verschidden Zorte vu Mosen, Moolbier, e kleng Traisch.
  • D'Buedemvirberedung

Fir datt d'Spree um Budem gutt zerfält, a sech richteg Humusstoffer opbauen, kann ee mat gutt ausgefouerte klenge Coupen, drop awierken datt d'Gärstoffer um Buedem sech entwéckelen, an net ze vill Onkraut nowiisst.

Am einfachsten ass eng Naturverjüngung ze realiséieren, wann de Batstand gutt ausgeformt a méistufeg ass.

Meeschtens huet een awer mat ale Bestänn ze dinn, déi nodeem se an de Schloss koumen en héije Krounendaach entwéckelt hunn. Dat bréngt mat sech, datt wann een deen Daach oprappt, déi al Krounen net méi séier genuch zesumme wuessen. Doduerch fält ze vill Liicht op de Buedem an d'Onkraut mécht sech Här a Meeschter. En anere Problem sinn ze sauer Biedem, op deenen den Humus sech net séier genuch bilt. An sou Fäll ass de Bëschmann op aner Hëllefen ugewisen.

Op Plaze wou nëmmen Onkraut hënnert, soss awer gutt Aussiichte fir eng Naturverjüngung bestinn, ass eng cheemesch Bekämpfung ënner Schierm, meeschtens déi bëllegst, an déi einfachst.

Wa réien Humus op der Plaz ass, a wann d'Humuslo net ze déck ass, kann eng Ca-P-N-Düngung hëllefen. Déi Düngung muss mat Zäite geschéien, a se däerf net staark sinn, soss leeft ee Gefor datt d'Onkraut dovu profitéiert.

Wa weeder Onkrautverdillegungsmëttelen, nach Dünger a Fro kommen, ass een op mechanesch Hëllef ugewisen. Déi kann och zesumme mat deenen aneren zwou Méiglechkeeten agesat ginn.

Et goufe, fir Eechen a Bichen, verschidde Methoden, déi op grousse Fläche kënne gebraucht ginn, entwéckelt.

Ze vill réien Hummus ass eng Gefor fir den Opschlag. Am fiichten Humus sëtze Champignonen, déi dem Som kënne geféierlech ginn, an am dréchnen Humus, verléiert de Som ze séier déi néideg Fiichtegkeet fir kënnen opzelafen. An décken Humusschichte hausen och vill Mais, déi de Som gär friessen. Dofir muss deen op iergendeng Manéier verschwannen, oder reduzéiert ginn.

Wann d'Humusschicht net ze déck ass, ka se dat Joer virdrun an de Buedem ageschafft ginn. Am anere Fall gëtt se ganz ewechgeholl, dat heescht, se gëtt am September maschinell ofgezunn, an op Schwaden zesummegedréckt. Fir datt d'Eechelen oder de Buchaker den néidege Kontakt mat dem Buedem kréien, ginn se nodeem d'Beem geséit hunn, mat Scheiwenéigen oder mat Exepatere mat Fiederzänn (de:Grubber), an de Buedem ageschafft. Dobäi gëtt de Buedem anengems opgelackert. D'Aktioun vum Ofdecke vun der Humusschicht kann awer am Ufank eng Verschlechterung vum Nierstoff- a Waasserhaushalt mat sech bréngen.

  • De Wëldschued

D'Erneierung vum Bestand, ass dem Zesummenhank vu ville gënschtege Konditiounen ze verdanken, dofir kann een deen Erfolleg net duerch een ze héije Wëldbestand a Gefor brénge loossen. Ob a wat fir Protektiounsmoossnamen noutwenneg sinn, ass vu Situatioun zu Situatioun verschidden. A Dännebëscher wéi am Schwarzwald ass et méiglech datt d'Äsungsoffer fir d'Réi sou grouss ass datt eng Réipopulation vun 10 Stéck op 100 ha gutt ze verquëssen ass. Op anere Plaze musse schonn 5 Réi duerch Gatteren aus der Verjüngung erausgehale ginn.

Wann duerch d'Schlagform, z. B. laangezunne schmuel Verjüngungssträifen, oder Weiderréckele vun der Verjüngungsfläch, sou en Zonk onméiglech, oder nëmme mat vill Opwand, opzeriichten ass, da muss de Wëlbestand am Ufank vun der Verjüngungsphas, op en akzeptablen Niveau erofgedréckt ginn. duerno geet eng Protektioun vum Gëppeldriww duer.

D'Zil an d'Uerdnung vum Verjüngsbetrib[änneren | Quelltext änneren]
  • D'Verjüngungszil
  • Raimlech an zäitlech Uerdnung
  • Folleg vun de Coupen
  • Fleeg vun de Reserven
  • Virwues
Grondforme vun der natierlecher Verjüngung[änneren | Quelltext änneren]
  • Schiermstellung
  • Virbereedungscoupen
  • Somcoupe
  • Coupe fir Ofzedecken
  • De Sträifeschierm
  • De Gruppeschierm
Verbindung vun natierlecher a kënschtlecher Verjüngung[änneren | Quelltext änneren]

D'Naturverjüngung aleng erfëllt net ëmmer dat gewënscht Verjüngungszil. Dofir muss aus veschiddene Grënn kënschtlech nogeplanzt ginn.

  • Dat kann de Fall si wann d'Réihumusdecken ze staark ass, bei vill Onkraut oder Onholz d'Uséie verhënnert huet. Derzou kommen d'Schied déi beim Haen a Schleefen entstane sinn. Doduerch entstinn tëscht de Jongwuessdeeler, Plazen a Gaasse wou näischt wiisst, wat e groussen Deel vun der Verjüngungsfläch ausmaache kann.
  • Am Fall wou ee gär e puer méi leeschtungsstaark Holzaarte mat abréngt, mussen déi nogeplanzt ginn, well se meeschtens am ale Bestand gefeelt hunn.
  • Wéinst Stuermschied am ale Bestand, déi séier musse geraumt ginn, entsti Lächer an der Verjüngung.
  • Wann iwweral Bestänn musse séier verjüngt ginn, huet ee meeschten nëmmen en deelweisen Erfolleg.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Naturverjüngung – Biller, Videoen oder Audiodateien