Nazikollaboratioun zu Lëtzebuerg

Vu Wikipedia
Dësen Artikel iwwer den Zweete Weltkrich ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
No der Liberatioun goufen d'Nazikollaborateuren zu Lëtzebuerg vun der Miliz festgeholl.
Geschicht vu Lëtzebuerg
Portal:Lëtzebuerg

Eng Kollaboratioun mat Nazidäitschland gouf et zu Lëtzebuerg grad sou gutt wéi an deenen anere Länner, déi vum Drëtte Räich an der Zäit vum Zweete Weltkrich besat waren. Si war allerdéngs vun der Zuel hier begrenzt.

Mëtt 1945 souze 5.101 Lëtzebuerger, dorënner 2.857 Männer an 2.244 Fraen, dat waren 1,79 Prozent vun der Bevëlkerung, wéinst hirer politescher Aktivitéit am Prisong. 12 Kollaborateure goufen zum Doud verurteelt an am Kasärenhaff, respektiv um Schéissstand am Reckendall, erschoss, 249 goufen zu Zwangsaarbecht verurteelt, 1366 zu Prisongs- a 645 zu Zuchthausstroofen. Ronn 0,80 Prozent vun der Bevëlkerung goufen also geriichtlech bestrooft.

Dobäi war een eenzege fréiere Minister, de Staatsminister Pierre Prüm, deen 1946 zu véier Joer Prisong verurteelt gouf. Op d'mannst ee Buergermeeschter gouf wéinst politeschen Aktivitéiten de 4. Abrëll 1945 duerch Arrêté grand-ducal ofgesat.[1]

Ausser fir hir politesch Aktivitéit, hate si sech och fir hir Aktioune géint Judden, de Verrot vu verstoppten Zwangsrekrutéiert a fir d'Bespëtzelung vun der Lëtzebuerger Populatioun ze veräntweren.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • (Kollektiv; ë. a.: Lucien Blau, Paul Dostert, Simone Feis, Serge Hoffmann, Steve Kayser, Jacques Maas, Lise Piazza, Henri Wehenkel) Collaboration: Nazification? - Le cas du Luxembourg à la lumière des situations française, belge et néerlandaise ; Actes du colloque international, Centre culturel de rencontre Abbaye de Neumünster, Mai 2006; éditéiert vun den Archives nationales; Lëtzebuerg (Imprimerie Hengen), 2008; 479 Säiten. ISBN 978-2-919773-01-5
  • Benoît Majerus, Kollaboration in Luxemburg: die falsche Frage?; in: ...et wor alles net sou einfach - Questions sur le Luxembourg et la Deuxième Guerre mondiale ; Ausstellungsbuch, erausgi vum 'Musée d'Histoire de la Ville de Luxembourg', Bd. X; Lëtzebuerg, 2002; Ss. 126-140.
  • Vincent Artuso, La collaboration au Luxembourg durant la Seconde Guerre mondiale (1940-1945) - Accomodation, adaptation, assimilation ; Frankfurt (Peter Lang Edition - Études luxembourgeoises Bd. 4), 2013; 394 Säiten. ISBN 978-3-631-63256-7
  • Denis Scuto, Le 10 mai 1940 et ses mythes à revoir - Les autorités luxembourgeoises et la persécution des juifs au Grand-Duché en 1940 ; in: Tageblatt, Ausgab vum 10./11. Mee 2014; Ss. 2-5 (ill.).
  • Edouard M. Kayser, 1940-1945: "Nous n'avons pas tous été des héros", "Les Luxembourgeois n'ont pas tous été des résistants"... Réflexions à propos d'affirmations dans l'air du temps; in: récré/Ausbléck, Nr. 30 (2019), Ss. 57-73.
  • Mil Lorang, L'ombre de la Shoah sur le Luxembourg, Hrsg. MemoShoah Luxembourg, iwwersat aus dem Dàitsche vum Vincent Artuso, Éditions Phi, Zolver, 2020; Jochen Zenthöfer, Luxemburger waren am Judenmord im Distrikt Lublin beteiligt, gelies op wort.lu den 9. Februar 2021; Maschinerie des Mordes, Neue Erkenntnisse über die Beteiligung Luxemburger am Judenmord im Distrikt Lublin, Die Warte 5|2676, S. 4-5, Luxemburger Wort, 4. Februar 2021.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Destitution du bourgmestre de la commune de Rodenbourg, Memorial A N°17 vun 1945. Gearchiveerd op 2016-03-05. Gekuckt de(n) 2009-09-17.
Portal WWII – Artikelen op der Wikipedia iwwer den Zweete Weltkrich.