Near Earth Asteroid Tracking
| Dësen Artikel beschäftegt sech mat "NEAT" am Kontext vum Asteroide-Sichen. Fir aner Bedeitunge vum Akronym NEAT, kuckt w.e.g. NEAT. |
NEAT (Near Earth Asteroid Tracking) ass e Projet vum Jet Propulsion Laboratory (JPL) fir den Himmel z'iwwerwaachen, dat an Zesummenaarbecht mat der US-Loftwaff an der US-Raumfaartadministratioun NASA. Säin Zil ass d'Opspiere vun allen äerdnoen Asteroiden, fir esou fréi wéi méiglech (am Idealfall Jore bis Jorzéngte virdrun) virun enger geféierlecher Kollisioun vun der Äerd mat engem Asteroid virgewarnt ze sinn.
Am Kader vum Iwwerwaachungsprogramm goufen och en etlech nei Koméiten entdeckt. (Mat Stand vum Mee 2004 waren et 43 Koméiten). All déi Koméiten droen den Nummdeell 'NEAT', oder (wann d'Entdeckung gläichzäiteg engem aneren Observateur oder enger anerer Observateursgrupp gelonge war) e kombinéierten, wéi z. B. ‚NEAT-LINEAR‘.
Eng besonnesch Bedeitung hat de Koméit mat der Bezeechnung C/2001 Q4 (NEAT), deen de 24. August 2001 entdeckt gouf an am Mee 2004 eng Visuell Magnitude vu ronn
erreecht hat. Ongeféier gläichzäiteg hat och de Koméit C/2002 T7 (LINEAR) seng gréisst Hellegkeet erreecht, sou datt een op der südlecher Hemisphär vun der Äerd mam bloussen A gläichzäiteg zwéin hell Koméite gesi konnt.
Kuckt och [änneren]
- Lincoln Near Earth Asteroid Research (LINEAR)
- Lowell Observatory Near Earth Object Survey (LONEOS)
- OCA – DLR Asteroid Survey (ODAS)
- Koméitelëschten
- Lëscht vun den Asteroiden
Literatur [änneren]
- Asteroidengefahr: Weltrettung für Fortgeschrittene (Der Spiegel, 29. Oktober 2010)