Neger

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen

Neger (vu lat. niger - "schwaarz") ass en historesche Begrëff fir d'Ur-Awunner vun Afrika südlech vun der Sahara, respektiv Mënsche mat deenen Originen, déi eng donkel Hautfaarf hunn.

Etymologie[änneren | Quelltext änneren]

D'Wuert ass eng Substantivéierung vum laténgeschen Adjektiv niger, wat "schwaarz" bedeit. Iwwer dat spuenescht negro, dat franséischt nègre an dat däitscht Neger ass et och vum Lëtzebuergeschen iwwerholl ginn, wou et den eeleren Terme Mouer deelweis ofgeléist huet.

Evolutioun vun der Konnotatioun[änneren | Quelltext änneren]

Weder am Lexicon der Luxemburger Umgangssprache vun 1847, deem eelste Lëtzebuerger Dictionnaire, nach am Wörterbuch der luxemburgischen Mundart (WLM) vun 1906 gëtt et e Lemma "Neger". Am WLM steet just dat hei: "deⁱ Sch[wârz]., 1. wegwerfend für die katholischen Geistlichen; 2. die Neger." "Déi Schwaarz" gëtt also an dësem Kontext op Däitsch mat "die Neger" iwwersat.

Am Luxemburger Wörterbuch vun 1950ff. fënnt een dunn e Lemma "Neger" ("Neger (lok.: Nejer, Neejher) M.: "Neger"). Am Lëtzebuergesche schéngt dat Wuert sech deemno eréischt am 20. Joerhonnert agebiergert ze hu fir e Mënsch mat donkeler Hautfaarf. Et war déi Zäit en u sech reng deskriptive Begrëff, deen awer trotzdeem dacks negativ konnotéiert war, besonnesch wat seng Komposita ugeet[1]

An den 1980er/1990er Joren huet den denotative Begrëff "Neger", och duerch den Afloss vu politesch korrekten däitschsproochege Medien, an de Käpp vun enger Rëtsch Lëtzebuerger seng méiglech positiv Konnotatioun verluer, sou datt haut nees meeschtens de Begrëff "Schwaarzen" virgezu gëtt (wat am Fong etymologesch genee datselwecht heescht).

Gebrauch an anere Sproochen[änneren | Quelltext änneren]

An den USA ass "nigger" eng ondenkbar grouss Beleidegung, ausser den Terme gëtt als "nigga" vun der urbaner Communautéit reappropriéiert an ënner sech gebraucht (absënns a Rap an Hip-hop Lidder). "Negro", als äquivalent zu "Neger", war dogéint bis zur Biergerrechtsbewegung als Eegebezeechnung wäit verbreet an acceptéiert, a gouf duerno verschiddentlech ofgeleent (notamment duerch de Malcolm X), verschiddentlech awer weiderhin als neutral gesinn, notamment vum Martin Luther King, Jr. (ë. a. a senger bekannter I Have a Dream-Ried vun 1963), oder méi rezent vu bekannten Institutione wéi dem United Negro College Fund an den Negro Baseball Leagues, oder och vum United States Census Bureau an der Vollekszielung (ë. a. op Wonsch vu méi eelere Concernéierten). Méi geleefeg awer sinn haut, wann och net besser, Bezeechnunge wéi "black" (schwaarz) oder "Afro-American" (Afroamerikaner).

A Portugal, Spuenien, Mexiko, a bal an alle latäinamerikanesche Länner ass "negro" déi am meeschte respektvoll Aart a Weis fir sech un e Schwaarzen z'adresséieren. Jee nom Kader kann d'Wuert och d'Bedeitung vu "Partner" oder "enke Kolleg" kréien.

An Däitschland, Schweden a Finnland hunn déi respektiv Wierder Neger/neger/neekeri zanter den 1970er Jore graduell u Faveur verluer, a wat se manner vun tolerante Leit gebraucht gi sinn, wat hire Stand méi schwéier ginn ass, sou datt souguer eng gewësse Schimt opkoum, a Produite wéi de beléiften Negerkuss/negerboll/neekerinsuukko vun de Produzenten ëmbenannt goufen, wat villen dann awer onverständlech war.

Italien huet de Begrëff "negro" nach bis Enn vun den 1960er als neutral gesinn, mä haut huet en an deem Land just nach eng beleidegend Konnotatioun. D'Preferenz geet mëttlerweil a Richtung "moretto" oder "nero".

Am Däneschen, Ungareschen a Russeschen ass den neutrale Charakter vun Neger/néger/негр dogéint och weiderhin net am geringsten a Fro gestallt. Au contraire, an deene Sproochen ass den Terme "Schwaarzen" (./fekete/чёрный) eendeiteg pejorativ besat a beleidegend.

Am Hollänneschen a Franséischen ass de Gebrauch vun neger/nègre hautdesdaags controverséiert. Speziell ervirzehiewen ass awer a Frankräich de positive Konzept vun "négritude", dee vum matnikesche Politiker Aimé Césaire entwéckelt gouf a vum senegalesesche Politiker Léopold Sédar Senghor weider propagéiert gëtt.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[änneren | Quelltext änneren]

  1. "Luxemburger Wörterbuch: N.[eger]-: (alle Komp[osita] mit Neger schließen etwas Abfälliges ein) -danz M.: «wilder, ausgelassener Tanz»; -dueref N.: 1) «Ansiedlung, Wohnviertel oder Vorort mit Reihenbauten»; 2) «Zeltplatz, Camping»; -kapp M.: «Wuschelkopf, Krauskopf»; -lëpsen Pl. F.: «dicke, wulstige Lippen» — s. Lëps; -musek F.: «Jazz»; -schwääss, -schweess M.: «schlechter Kaffee, Tee» — s. Kaff(é)i sub 1); -tricken Pl. M.: «verdächtige Machenschaften» — wat sin dat fir N.; -zeidong F.: «Makulatur» (Druckbogen, der durch die Farbwalzen gerutscht ist, so daß das Blatt ganz schwarz aussieht — Druckerspr.).