Negertrick

Vu Wikipedia

De Begrëff Negertrick bezeechent a senger reng negativer Konnotatioun "verdächteg Macheschaften" (an deem Fall da meeschtens an der Méizuel gebraucht).

E kann awer och mat enger gewësser Bewonnerung gebraucht gi fir en "ongewéinleche Konschtgrëff", am Sënn vum däitschen Trick 17 oder dem franséische Système D. Zum Beispill (awer net exklusiv), fir zwou Saachen déi eigentlech op kee Fall geduecht ware fir zesumme kombinéiert ze ginn trotzdeem zu deem Zweck ganz legal ze pervertéieren.

Am “Luxemburger Wörterbuch”, Band 3, deen tëscht 1965 an 1970 erauskoum, gëtt et de Begrëff nëmmen an der Méizuel “Negertricken”, an der Bedeitung “verdächtige Machenschaften”, mam Beispill: “wat sinn dat fir Negertricken”.[1] An den Dictionnairen, déi virdrun erauskomm sinn (Lexicon der Luxemburger Umgangssprache, 1847; Wörterbuch der luxemburgischen Mundart, 1906), ass dat Wuert net ze fannen.

De Begrëff “Negertrick” an der lëtzebuergescher Press[änneren | Quelltext änneren]

Kuckt een an de lëtzebuergeschen Zeitungen, déi vun der Lëtzebuerger Nationalbibliothéik digitaliséiert gi sinn (bis 1950), sou fält et op, datt de Begrëff “Negertrick” resp. “Neger-Trick” eréischt am Laf vun der Zäit vun der däitscher Occupatioun am 2. Weltkrich opdaucht, an dat an Artikelen iwwer d'Boxen.[2]

An de Joren nom Krich fënnt de Begrëff och Agank an d'National- an an d'Regionalpolitik.[3] An engem Bericht iwwer de Koreakrich stéisst een och op dee Begrëff[4], grad sou wéi an engem Bericht iwwer e Mordprozess zu Lëtzebuerg[5].

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Luxemburger Wörterbuch, Band 3, Luxemburg 1970, S. 203.
  2. Escher Tageblatt 1943-01-28, S. 7 (Tifunovik, ein Escher Boxer). [1].
    Escher Tageblatt 1943-08-30, S. 5 (Georg Schilz siegte zweimal durch k.o.). [2]
  3. Escher Tageblatt 1947-01-13, S. 2 (Subsidien und Index). [3]
    Tageblatt 1948-06-05, S. 6 (Offener Brief an Herrn Jos. Beckius-Bellion, Unternehmer in Wormeldingen). [4].
    Tageblatt 1949-12-16, S. 3 (Aus der gestrigen Kammersitzung). [5].
  4. Luxemburger Wort 1950-08-16, S. 2 (Am koreanischen “Monte Cassino”)
  5. Tagebatt 1948-05-05, S. 6 (Der Raubmörder vor den Assisen)