Nei Paart

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
D'Nei Paart

D'Nei Paart (Nei Puert am Stater Dialekt) war eng Paart vun der Festung Lëtzebuerg.

Et war tëscht 1626, wou se gebaut gouf, an 1871, wou s'ofgerappt gouf, d'Haaptpaart vun der Stad Lëtzebuerg. D'Paart selwer war schonn 1627 fäerdeg a gouf Sankt Marienpforte genannt.

No bannen hi gouf et e Pavillon an der Paart, an deem d'Krichsgeriicht zesummekoum. No baussen hin hat de Louis XIV. vu Frankräich, no der Eruewerung vun der Festung, 1684 eng Trophee ameessele gelooss, déi 1795 vun den Truppe vun der Franséischer Revolutioun zestéiert gouf an duerch eng schwaarz Marbersplak ersat gouf, op där stoung: Rendue à la République française le 24 Prairial An III (12. Juni 1795).

Den Napoléon Bonaparte huet sengersäits 1808 d'Paart ofdroen an duerch eng méi massiv ersetze gelooss. Bei där Geleeënheet gouf eng napoleonesch Adlerstatue driwwer gesat, déi direkt 1814 ewechgemaach an 1848 duerch en Duebeladler vum Däitsche Bond ersat gouf.

Neipuertsgaass [änneren]

Haut erënnert nach den Numm vun der Strooss, d'Neipuertsgaass (avenue de la Porte Neuve), déi dohigefouert huet, un dës Paart. D'Neipuertsgaas verbënnt d'Groussgaass mam Rond-Point Schumann. Zënter dem 21. Juli 1877 heescht dës Strooss esou, nodeems d'Festung geschlaff gouf, bis bei d'Bierdergaass an zënter 1925 bis op de Glacis.

Beim Forum Royal steet och eng stiliséiert Paart mat op der Südsäit enger Consolatrix-Statu an enger Plack, op der geschriwwe steet:
PATRIAE DECVS ATQVE TVTELA LOCO NOVO LVCEAT SEMPER A.D. XIV KAL. DECEMBRES MDCCCLXXVI
Den Houfert an d'Patréinesch vun der Heemecht soll op dëser neier Plaz fir ëmmer liichten, 14. Dezember 1976.

Op der Nordsäit vun der stiliséierter Paart steet:
REGIONE VRBIS HAC NOVATA CIVES ET B. MARIAE VIRGINIS EFFIGIEM VIGILEM IN PORTA NOVA PER SAECVLA ADHVC JAM TRIA NOVA IN SEDE VENERANDAM STATVERVNT
SIT INTRANTI ET EXEVNTI MARIA CERTAE SPEI SIGNVM ET SOLATII A.D. XIV KAL. DECEMBRES MDCCCCLXXVI
An dësem renovéierten Deel vun der Stad hunn d'Bierger och déi Statu vun der Helleger Jongfra Maria, déi elo schonn dräi Joerhonnerten iwwer d'Nei Paart waacht, zur Veréierung op en neie Sockel gestalt.
Maria sief deem, deen era kënnt an deem, deen eraus geet, en Zeeche vu sécherer Hoffnung a sécherem Trouscht, 14. Dezember 1976 [1].

Um Spaweck [änneren]

Referenzen [änneren]


Blason ville lu Luxembourg-ville.svg Wierker vun der Festung Lëtzebuerg
wéi se 1867 bestoungen
Blason ville lu Luxembourg-ville.svg

Gréngewalder Front
Bannenzeg Wierker: Fort BerlaimontBatterie ChanclosBastioun 3 DauwenGouvernements-BastiounBastioun vum SchlassBatterie Altmünster
Baussenzeg Wierker: Fort NiedergrünewaldFort ObergrünewaldBatterie WeimeschhaffMalakoff-Tuerm
Detachéiert Wierker: Fort OlizyFort ThüngenFort Parkhöhe

Tréierer Front
Bannenzeg Wierker: Bock-BefestegungenBatterie AltmünsterHelleg-Geescht Zitadell
Baussenzeg Wierker: Rumm-BefestegungenRedoute Beaumont
Detachéiert Wierker: Fort ParkhöheFort DumoulinFort RubamprezFort Rumigny

Diddenuewener Front
Bannenzeg Wierker: Helleg-Geescht ZitadellBastioun LouisBastioun BeckBastioun Jost
Baussenzeg Wierker: Fort VerluerekaschtEisebunnsbatterieFort WallisFort BourbonDiddenuewener AvancéeFort ElisabethFort Peter
Detachéiert Wierker: Fort NeippergFort WedellFort Rheinsheim

Neipaartsfront/Lonkecher Front
Bannenzeg Wierker:Bastioun JostBastioun CamusBastioun MarieNeipaart-BefestegungenBastioun Berlaimont
Baussenzeg Wierker: Fort PeterBatterie LambertFort LambertFort LouvignyFort VaubanFort MarieFort RoyalLunetten I - VI
Detachéiert Wierker: Fort RheinsheimFort DaunFort CharlesRedoute Marlborough

Paarten a Schleisen
BiisserpaartDënselspaart/Tréierer PaartDiddenuewener PaartDräi TiermEecher PaartJuddepaartMansfeldspaartNei PaartHondshausRichenerpaartSeilerpaartSiichepaartStierchenWeimeschhaffer Paart
Grond-SchleisBourbon-Schleis